09.07.2018

Diplomiwwerreechung Sproochecoursen

D’Schëfflenger Gemeng bitt säit enger Rei Joren eng ganz Partie Sproochecoursen am Lëtzebuergeschen an am Engleschen un. All Joer hunn dës Coursen e grousse Succès a virun allem d’Lëtzebuergeschcoursen erfreeën sech enger grousser Beléiftheet. Insgesamt haten sech 92 Interesséierter, aus 28 verschiddenen Natiounen, an d’Coursen ageschriwwen. Ugebuede goufen se an de Sproochenniveauen: Lëtzebuergesch A 1 an A 2, Englesch débutants an intermédiaires. De 5. Juli hunn 50 Participanten hiren Ofschlossdiplom vum Buergermeeschter Paul Weimerskrich iwwerreecht kritt, dëst a Präsenz vun de Schäffe Marc Spautz a Carlo Lecuit, vu Membere vum Gemengerot, vun der Integratiounskommissioun am a Präsenz vun hire jeweilge Profen.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet a senger Ried betount, dass d’Sprooch de wichtegsten Integratiounsfaktor an enger Gesellschaft ass. D’Leiere vun enger neier Sprooch an de Versuch dës ze schwätzen, och wann een sech net direkt vun Ufank un richteg ausdréckt, wier awer en Zeechen, dass een sech fir eng Gesellschaft an seng Kultur, vun der een en Deel well ginn, interesséiert. D’Sprooch wier de Schlëssel vum Versteesdemech a vum Mateneen, sou de Paul Weimerskirch weider.

Nächst Joer wäerten sechs Sproochecoursen ugebueden ginn:

  • Zwee Coursen am Lëtzebuergeschen – Niveau A1
  • Een Cours am Lëtzebuergeschen – Niveau A2
  • Een Cours am Lëtzebuergeschen – Niveau B1
  • Een Cours am Engleschen – Niveau débutants
  • Een Cours am Engleschen – Niveau intermédiaires

Den Aschreiwungsformulaire fannt dir hei:

–> EINSCHREIBUNGSFORMULAR

–> FORMULAIRE D’INSCRIPTION