09.03.2018

Diplomiwwerreechung vun den 1. Hëllef Kuren

« Et kann een näischt falsch maachen, falsch ass just wann ech guer näischt maachen“  dat war de Message deen den Instrukter vun den 1. Hëllef Kuren ,Steve Ehmann,  de 40 neie Laureat’en mat op de Wee ginn huet.

Während de Wanterméint hunn si wöchentlech un de Kuren di vun eisem lokalen „Centre d’Intervention“ organiséiert waren, deelgeholl an di elementaarst Handgrëffer geléiert déi an engem Noutfall unzewende si geléiert.

                                                                

De 7. Mäerz 2018 huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Präsenz vum Schäffe Albert Kalmes an den Conseilljee’en Idette Cattivelli, Carlo Feiereisen a Sven Kill hinnen hiren Diplôme iwwerreecht an si begléckwënscht dass si dëse Schratt gemaach hunn. Et misst eigentlech eng Flicht sinn, dass jiddereen en 1. Hëllef Kur besicht, well jidderee vun eis kann zu all Moment an eng Noutsituatioun kommen an all Handgrëff kann Liewe retten.

Folgend Leit hunn den 1. Hëllef Kur erfollegräich bestanen:

Bach Myriam, Bentz Kevin, Bernucci Lisa, Brell Julia, Da Costa Dylan, Dias Costa Sabrina, Dos Santos Costa Cindy, Duarte Mendes Sarah, Dupont Saskia, Fernandes Ana, Freitas Paula, Gabriel Da Silva Antunes Antonio, Gomes Veiga Cindy,  Graas-Wampach Marianne, Hansen Marc, Hüttner Jessica, Illuzzi Francesco, Kieffer Sandra, Kohl Christian, Lauricella Letizia, Lentz  Raymond; Malano Amiel, Marozzi-Lorang Anne, Marques Dias Dylan, Mousset Martine, Narciso Roteia Sofia, Nierenhausen Patrick, Nierenhausen-Link Lisa, Pereira Lopes Joël, Pinto Oliveira Henrique, Richter Jeannine, Rinaldis-Kausché Nancy, Rodrigues Goncalves Tiffany, Salvatore Niels, Schenten-Mackel Francine, Schenten Mélanie, Vieira Antunes Rita, Vieira Da Silva Dylan, Wennmacher Dan a Zimmer Marc