11.07.2017

Diplomiwwerreechung fir d‘Sproochcoursen

Sproochen léieren ass ëmmer rem eng Beräicherung egal an wéi engem Alter. D’Schëfflenger Gemeng bitt säit enger Rei Joer hier traditionell Sproochecoursen un. Des ginn all Joer vun der lokaler Integratiounskommissioun organiséiert. An och dëst Joer haten des Coursen Succès, an zwar en immense. Insgesamt haten sech 78 Léit fir lëtzebuergesch an englesch Coursen ageschriwwen, dovunner hunn 43 Participanten hiren Diplom e Méindeg, den 11. Juli iwwerreecht kritt.

Et gouf e sou e groussen Undrang un Interesséierten, dass souguer Léit hun missen refuséiert ginn well d’Coursen schon voll waren. Aus deem Grond huet den Buergermeeschter annoncéiert, dass am nächsten Joer zwee Debutants Coursen am lëtzebuergeschen ugebueden ginn. Schliisslech ass d’Sprooch jo och en Moyen fir d’Integratioun an deen Moyen well déi Schëfflenger Gemeng hiren Awunner bidden.

Awer net nëmmen déi lëtzebuergesch Coursen waren e Succès. Vue dass déi englesch Sprooch op dëser Welt ëmmer méi wichteg gëtt an duerch d’Globaliséierung villes op englesch ofleeft oder vun engem Land an dat anert iwwer geet, ginn et och ëmmer méi Leit déi interesséiert sinn dees Sprooch richteg gutt ze kennen. Déi déi sech während dem Joer also fläisseg druginn hun hir Vokabelen an hir Grammaire ëmmer gutt ze léieren, goufen deemno mat engem Diplom belount.

Bei enger klenger Feierlechkeet am Festsall vun der Gemeng huet den Buergermeeschter Roland Schreiner a Präsenz vu den Membere aus dem Schäffe- a Gemengerot an der Integratiounskommissioun d’Diplomer un déi stolz Laureaten iwwerreecht.

An och am nächsten Joer geet et wie gesot mat den Sproochecoursen weider. Dann kann nees fläisseg geléiert an bei den Grammairsregelen geschweesst ginn. Fir jiddereen den Loscht huet ze schweessen. Bitt d’Schëfflenger Gemeng ab der Rentrée 2017/2018, wéi gesot  zwee lëtzebuergesch Debutants Couren un, een lëtzebuergesch Intermediaires Cours, een engleschen Debutants Cours an een engleschen Intermediaires Cours un.