29.10.2018

Den Här Nicolas Bodeving feiert seng 90

De 29.Oktober 1928 ass de Nicolas Bodeving zu Pratz op d’Welt komm, deemno konnt heen elo seng 90 Joer am Krees vu senger Famill feieren. Besonneg seng 7 Joer jonk Niece bereed him vill Freed.

D’Memberen vum Schäffen- a Gemengerot, wéi och aus der Seniorekommissioun an dem Syndicat d’Initiatives hunn him alles Léiwes an virun allem gutt Gesondheet gewënscht.