22.10.2018

Den Dag vun de Sk8ing Girls

De Weekend war eng lass am Skate Park zu Schëffleng. Den 20. Oktober 2018 huet den « Sk8ing Girls » stattfonnt. Dëst Evenement gouf aus Ulass zum Internationale Meederchesdag organiséiert a geet drëms fir de Sport vum Skateboarding bei de Meedercher méi bekannt ze maachen. 

Nieft dem Skateboarding goufen awer och nach vill aner Aktivitéiten ugebueden. Sou konnten déi Jonk un verschiddenen Atelieren deelhuelen, dorënner een Graffitis- an Upcycling-Atelier. Fir gutt musikalesch Stëmmung hunn dräi DJanes (Miss Sappho, Vera Ventura, Loons-DJ’s) gesuecht souwei eng Hip Hop Grupp a Breakdancer. Fir d’Iessen a Gedrénks haten d’Jugendhaiser Esch, Schëffleng a Rëmeleng gesuergt.

Hei e puer Andréck vum Dag: