19.09.2017

David Ianni in Concert am Spigelzelt

Joy  – Freed – Freude – Joie

Jo et wor e flotten a freedegen Owend. Den David Ianni konnt begeeschtere mat sengem Piano, mat senge Kompositiounen, mat sengem häerzleche Gefill  fir Musek a sengem léiwe Charme. A Präsenz vu ronn 150 Leit – ënnert hinnen e.a. de Buergermeeschter Roland Schreiner an déi zwee Schäffe Carlo Feiereisen a Paul Weimerskirch – ass e Concert vum Feinste presentéiert ginn. E Concert, gedroe vun Emotiounen, flotte Klangfaarwen an dynameschen Interpretatiounen.

Am Kader vum Ferriminera–Festival huet de Schäfferot nämlech an d’Spigelzelt op e Live-Concert mat dem Pianist a Komponist David Ianni agelueden. Am Mëttelpunkt de musikalesche Projet  “My Urban Piano”  an der exklusiver Première vun der drëtter Episod “Joy”.

Den David Ianni , opgewuess zu Schëffleng huet sech uechtert d’Welt e Numm gemaach als Pianist a Komponist. Säi Projet «My Urban Piano » realiséiert hien als Ambassadeur an am Zesummenhank vum  Projet Esch Kulturhaaptstad  2022, wou jo och d’Gemeng Schëffleng agebonnen ass.

Mat « Train of Dreams » an « Heartland » si schonns zwee Videos offiziell lancéiert ginn. Dës Videoclips sinn ënnermoolt mat passende Kompositioune vum David Ianni, déi hien op seng speziell Aart a Weis an  op héijem musikaleschen Niveau deelweis live interpretéiert. Et ass quasi eng musikalesch Rees, déi an déi europäesch Kulturhaaptstied féiert.  Ugefaangen an der Stad, dunn op Esch an duerch de Minett an elo eben an Dänemark zu Aarhus. Flott Biller, iwwerraschend Moment, liicht Spektakuläres.

Musek, déi verbënnt, déi léif,  gefälleg an angenehm interpretéiert gëtt. Einfach fir ze lauschteren an ze kucken. E Genoss u Biller mat attraktiven a schmassege Pianoswierker. … mir freeën eis schonns op déi véiert Episod, realiséiert an der Goldener Stad Prag!

Weider Infos op http://www.davidianni.com/

(Fotoen: Nicole Welter)