15.12.2016

Dag vum Bam 2016

Schëffleng „aktiv am Klimaschutz“

 Ried vum Buergermeeschter Roland Schreiner am Kader vum Dag vum Bam zu Schëffleng den 1. Dezember 2016

Och wa mer eis dëst Joer net genee un den Datum vum internationalen Dag vum Bam gehalen hunn, sou ass et eis als Schëfflenger Gemeng awer trotzdem wichteg datt mer di Traditioun vum Dag vum Bam bäibehalen an domader op en Neits eist Engagement och no baussen hin dokumentéieren. De Beem ass et och sécherlech egal wann se 3 Wochen mi spéit bei d ‘Leit heemkommen.

Besonnesch frou sinn ech datt fir dës 20. Editioun vum Dag vum Bam net manner wéi 83 Famillen eisem Opruff gefollegt sinn an e Bam bei eis bestallt hunn. A genau sou frou sinn ech datt esou vill Leit den Owend extra heihi komm sinn fir hire Bam perséinlech ewech ze huelen.

Nieft dëser Aktioun investéieren mer als Schëfflenger Gemeng am Laf vum Joer bestänneg an d ‘Erhalen vu Natur Raim an un d ‘Schafen vu neie Natur Raim. Och hu mer eng Onmass vu neie Biotopen geschaf, anerer hu mer opgewäert oder restauréiert. Virun e puer Joer hu mer d ‘Uelzecht renaturéiert, Bongerten a Weieren ugeluecht, Solitärbeem geplanzt, Dréchemaueren gebaut an Nisthëllefen opgeriicht fir verschidde Vullen Aarten, wéi de Mauersegler, d’Schleiereil, d’Hausschmuewel a besonnesch fir de Storch.

Wa mer also an der Vergaangenheet scho vill gemat hunn – maer sinn jo och net fir näischt als eenzeg Lëtzebuerger urban Gemeng – mam gëllenen, also deem héchsten europäeschen Energy Award ausgezeechent – heescht dat net datt mer eis Hänn elo an de Schouss leeën. Am Géigendeel: de Schäfferot proposéiert dem Conseil an enger nächster Gemengerotssitzung Devis‘en am Natur-, Klima- an Ëmweltschutz matzedroen an enger Héicht vun ronn 1,6 Milliounen Euro. Dee gréisste Projet ass d’Renaturéierung vun der Kiemelbach, e Projet deen Dank der Federführung vun eiser Gemeng am Kader vum Contrat de Rivière Alzette an an Zesummenaarbecht mat de franséischen Kollegen vun der Kläranlag vun Oth vun europäeschen Fördergelder profitéiert.

Mais och aner Projeten wëlle mer realiséieren sief et den Ausbau vum VeloK-System, d ‘Schafen vun Urban Gardening oder och nach Projeten an der Solarenrgiegewënnung an Zesummenaarbecht mat eisem Jugendhaus an Greenpeace.

An all dës Projeten reit sech dann di Aktioun vun haut gutt an well duerch d ‘Planze vun den einheimeschen Äppel- a Birebeem ka jiddereen en Deel dozou bäidroen fir dem Beiestierwen entgéint ze wierken an zu enger Verbesserung vun der Biodiversitéit bäizedroen.

Fir Ofzeschléissen well ech e puer Mercien lassginn: do hu mer mol eis lokal Sektioun vun  Natur an Ëmwelt déi ouni grouss Ophiewes, besonnesch wäertvoll Aarbecht am Dingscht vun eiser Natur leeschten. Dann d ‘Firma “Mon Jardin”, déi eis d ‘Beem geliwwert huet an eis Gemengenservicer déi den Dag vun haut organiséiert hunn a last but not least Iech all, déi der gewëllt sidd mat engem klenge Gest eppes fir eise Planéit ze maachen.

Loosst Iech an e puer Joer d ’Äppel an d ‘Biren gutt schmaachen an elo à l’immédiat den Éiereglühwäin deen eis Madamen Iech elo servéieren.