05.06.2019

Coupe Scolaire 2019

De 4. Juni 2019 huet d’„Coupe scolaire“ an de Stroosse vu Schëffleng stattfonnt.

Vun 8.00 Auer u waren d’Schüler aus dem Cycle 4 vu Schëffleng mat hire Vëloen ënnerwee an hunn an der Praxis probéiert d’Verkéiersreegelen unzewennen, déi si an enger ganzer Partie theoretesche Stonnen an der Schoul ge­léiert hunn. Mat grousser Freed a voller Konzentratioun hu ronn 170 Kanner de Parcours gutt gemeeschtert. Vill Benevoller waren op 28 Streckeposte um Parcours verdeelt an hu Punkte verginn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Schäffen Albert Kalmes a Marc Spautz hunn allen Acteuren, déi un der Organisatioun vun dëser “Coupe scolaire” bedeelegt waren, e grousse Merci gesot, well ouni si wär e reiwungslosen Oflaf net méiglech gewiecht.