03.06.2018

Coupe scolaire 2018

Den 31. Mee 2018 huet d’„Coupe scolaire 2018“ an de Stroosse vu Schëffleng stattfonnt. Ab 8.00 Auer waren d’Schüler aus dem Zyklus 4 mat hire Vëloen ënnerwee an hu an der Praxis probéiert d’Verkéiersreegelen unzewennen, déi si a enger ganzer Partie theoretesche Stonnen an der Schoul ge­léiert hunn. Mat grousser Freed  an voller Konzentratioun, hunn déi 190 Kanner de Parcours ganz gutt gemeeschtert.  28 Streckeposte waren um Parcours verdeelt an hu Punkte verdeelt. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Schäffe Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit hunn allen Acteuren, déi un der Organisatioun vun dëser “Coupe scolaire” bedeelegt waren, e grousse Merci gesot, well ouni si wär e reiwungslosen Oflaf nëmmen schwiereg, wann net ze soen guer net méiglech gewiescht. D’Finale vun der „Coupe scolaire“ ass dëst Joer den 8. Juli 2018 zu Bartreng.