26.06.2023

Concert vum Philippe Schartz Brass Ensemble

De 24. Juni war am Pompelhaus um Site vun der AGORA e flotte Concert vum Philippe Schartz a sengem Brass Ensemble.

Trotz de waarmen Temperaturen haten sech vill Leit am Pompelhaus afonnt a konnten e ganz interessante mat emol méi,  emol manner bekannte Lidder vu ganz verschiddene Komponiste lauschteren.

Mär soen op dëser Plaz der ganzer Equipe vun de Schëfflenger Schmelzaarbechter e grousse MERCI, déi dofir gesuergt hunn dass d’Leit net « um Dréchenen » sutzen.