19.11.2019

Concert « Luxembourg Tuba Consortium »

E Samschden de 16. November 2019 huet en aussergewéinlechen an androcksvolle Concert vum « Luxembourg Tuba Consortium » an der Gemeng stattfonnt. Op deem villsäitege Programm stounge Klassesch Stécker vum Mozart a vum Liszt, mee och Ënnerhale Musek, wéi déi ABBA. Et war fir jiddereen eppes dobäi.

Mer soen dem „Luxembourg Tuba Consortium“ villmools Merci an hoffen, dass si an Zukunft nach vill Concerten an eiser Gemeng spille wäerten!