16.10.2018

Chansonowend

De Schäfferot invitéiert ganz häerzlech op en

CHANSONOWEND

mam Yannchen Hoffmann an Erny Delosch

Weini?: den 27. Oktober 2018

Auerzäit?: um 19.30 Auer

Wou?: an der « Salle Grand-Duc Jean » vun der Gemeng

Entrée?: 10€ zu Gonschten vun « Schëffleng Hëlleft »

                                                                                                            

Eng Fra ( Yannchen Hoffmann)  ass drop komm, dass hire laangjährege Partner se bedréit. Wéi soll se reagéieren,?

Entweder hëllt se sech e Beispill un der  „Madame Arthur « ,   oder se gesäit  sech schons als „Dame von der alten Schule »  verdrechnen.

 Sie entscheed sech nom Motto : „Warum soll eine Frau kein Verhältnis haben“ an huet kuerz drop och schons „2 Amants ».

Dass sie bei esou engem  frivolen Liewenswandel als „Vamp  » oder „hysterische Ziege  » oofgestempelt gët,hällt sie net oof fir sou muenchen

gudden Rotschlo ze ginn: Man muss den Männern sagen dass sie klug sind

 Op hirer Sich, mat allen Héichten an Déiften, no der idealer Partnerschaft ,könnt sie zur Konklusion, dass fir sie  just nach „die Ehe  » a Fro könnt.

 D’Yannchen Hoffmann, begleet vun Erny Delosch, présenteiert  an hirer charmant, hurmorvoller Manéier en onvergiesslechen, 

3 sprochegen  Chansonowend,mat Lidder an Texter aus 3 Jorhonnerten