Wat heescht dat konkret?

Säit Ufank Dezember 2018 bis Enn Abrëll 2019 ass d’Gemeng Schëffleng ee vun den Télévie Zenteren am Land.

D.h. datt vill Veräiner a privat Leit vu Schëffleng am Gaang sinn interessant Eventer an Aktiounen z’organiséieren fir Suen ze sammelen a soumat d’Kriibsfuerschung zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen.

An dëser Rubrik fannt Dir all d’Aktivitéiten, déi an dësem Kader an der Gemeng Schëffleng lafen.

Haalt Iech elo schonn de 26. a 27. Abrëll 2019 fräi: dës Deeg sti ganz am Zeeche vum Télévie – d’Preparatioune lafen op vollen Touren!

 

Wéi kann ech nach hëllefen?
Wann Dir den Télévie Schëffleng wëllt ënnerstëtzen, da kënnt Dir en Don op folgende Kont maachen:

BCEE: LU13 0019 5355 3053 4000

Titulaire: Schëffleng Hëlleft/Télévie

 

Dir sidd awer och häerzlech invitéiert, bei all Aktivitéit deelzehuelen.

Bréngt nach aner Leit mat a gidd en Deel vun der grousser Télévie Communautéit!

 

De Comité vun Télévie seet Iech Merci!

 

 

Fannt eis och op Facebook!

Télévie am Film

Den Amateur-Filmveräin "AMCIS-Vidéo asbl" filmt déi nächste Méint Aktivitéiten, déi am Kader vum Télévie an der Gemeng Schëffleng stattfannen. Op...

Actualités, Télévie
Plus 
X