Badminton Masters

De 16. a 17. Mäerz 2019 organiséiert de Fiederball 1981 Schëffleng e Badminton Masters fir all lizenzéierte Spiller

aus de Kategorien A;B;C; an D.

Dësen Tournoi gëtt gespillt am Centre Sportif, 12, rue du Parc L-3872 Schëffleng
Ufank ass samschdes um 13:00 Auer bis 19:00 Auer a sonndes vun 10:00 Auer bis 18.00 Auer
Déi 2 Deeg ass fir Iessen an Drénke gesuergt.

 

    

Audition Conservatoire Esch

De Comité vum Télévie invitéiert all Bierger ganz häerzlech op d’Auditioun vun de Schüler aus dem Conservatoire vun Esch/Uelzecht en Donneschden, de 7. Mäerz um 18:00 Auer am Sall Grand-Duc Jean vun der Schëfflenger Gemeng.

Kommt laanscht a lauschtert déi jonk Talenter, déi hei optrieden.

 

 

 

LASEP: Semaine de la Solidarité

D’Schëfflenger Sektioun vun der LASEP organiséiert wärend der Woch vum 25.03.2019 bis den 29.03.2019 d’Semaine de la Solidarité pour le Télévie.

D’Kanner kënnen déi Woch an hire Sektiounen en « Don » fir den Télévie maachen.

Konferenz zum Thema « Kriibsfuerschung »

Sensibiliséierungs- an Informatiounskonferenz zum Thema « Kriibsfuerschung » mat der Dr. Simone Niclou.

Si fuerscht um „Luxembourg Institute of Health“ (www.lih.lu) am ‘Département d’Oncologie‘ an ass spezialiséiert op Gehirkriibs. Si erkläert woufir d’Sue vum Télévie agesat ginn a wat et mat deene neisten Entwécklungen an der Kriibsfuerschung op sech huet.

D’Konferenz ass mëttwochs, de 6. Mäerz ëm 19.00 Auer an der Salle Grand-Duc Jean vun der Gemeng.

Den Entrée ass fräi.

« Thé Dansant »

D’Seniorekommissioun vu Schëffleng invitéiert Iech häerzlech op hiren « Thé Dansant » den 08.03.2019. Vu 15:00 – 18:00 Auer kënnt Dir bei flotter Musek, mam Jeannot Conter, d’Danzbeen schwéngen an e lëschtege Mëtte mat Frënn a Bekannte verbréngen.

 

Concert mam David Ianni

De Comité vum Télévie huet déi grouss Freed Iech op e

Concert mam David Ianni

z’invitéieren

 

 

De Pianist a Kompositeur David Ianni komponéiert extra een Stéck fir den Centre de Promesses Télévie vun Schëffleng. Als Schëfflenger wëllt hien heimadder senger aler Heemecht gedenken awer och d’Kriibsfuerschung ënnerstëtzen.

D‘Première vun dësem Stéck gëtt Sonndes den 3. Mäerz ëm 17.00 Auer an der Salle Grand-Duc Jean vun der Gemeng Schëffleng opgefouert. Den Entrée ass 12.- € fir déi Erwuessen an 7.- € fir Schüler an Studenten, déi integral un den Télévie ginn.

 

Concert mat de Krunnemécken

De Schëfflenger Geschäftsverband invitéiert op de Concert mat de Krunnemécken, den 02.03.2019

an der Millen, dem Restaurant El Molino, 1, rue du Moulin L3857 Schëffleng.

D’Entrée vu 5€ gëtt integral un Télévie iwwerwisen. Bei flotter Lëtzebuerger Musek kritt Dir Chilli Con Carne servéiert (12,50€).

Reservéiere kënnt Dir bis de 26.02.2019 am Restaurant « El Molino » beim Julia um tél. 26 53 25 85 oder iwwer mail : julia_lux@yahoo.com

 

   

Hierkefest

D’Club Haus beim Kiosk organiséiert den 28.02.2019 en « Hierkefest ».

Um Menü stinn, Zopp, Hierken oder Brot, Kaffie an Taart.

De Menü kascht 29,00 Euro pro Persoun, wouvunner 3,00 Euro un den Télévie gespent ginn.Den Erléiss vun der Tombola geet och integral un Télévie.

Ufank um 12:00 Auer

Umellen kënnt Dir Iech am Club Haus beim Kiosk, bei der Mme Marie-Anne Maroldt um Telefon 26 54 04 92.

Fir dat Ganzt an entspaanter a gudder Ambiance ze verbréngen, suecht den Jeannot Conter mat flotter Musek.

Äre Bluttdrock gett gemooss

Vum 29.01.2019 bis den 28.02.2019 kritt Dir bei der Pharmacie du Soleil, 2 A, rue Denis Netgen L-3858 Schëffleng,

géint eng Participatioun, äre Bluttdrock gemooss.

Déi Participatioun gëtt integral un den Télévie gespent. 

 

Kniddel- a Bouneschluppowend

CSV Schëffleng organiséiert e Kniddel – a Bouneschluppowend an der Buvette « Drëtt Halbzeit » 12, rue du Parc L-3872 Schifflange.

 

 

Wéini : den 07.02.2019 um 18:30 Auer

Präis: pro Persoun 15€ à volonté 

D’Käch vum Owend: Guy Kohnen an André Weber (Käpt’n Ända)

Wann Dir wëllt dobäi sinn, kënnt Dir Iech bis de 04.02.2019 bei der Mme Alix Bettendorf um tél. 621 742 408 umellen.

X