Haut, den 2. Februar ass Liichtmëssdag an d’Kanner aus der Gemeng zéie mat hire Lampionen vun Haus zu Haus.
Léif Autofuerer, passt haut besonnesch gutt op a respektéiert w.e.g. déi virgeschriwwe Geschwindegkeet an den Dierfer.
Haut, den 2. Februar ass Liichtmëssdag an d’Kanner aus der Gemeng zéie mat hire Lampionen vun Haus zu Haus.
Léif Autofuerer, passt haut besonnesch gutt op a respektéiert w.e.g. déi virgeschriwwe Geschwindegkeet an den Dierfer.
LU
D’europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 invitéiert Iech, zesumme mat den 19 Pro-Sud Gemengen, souwéi den 8 franséische Gemenge vun der Communautéit “Communes Pays Haut Val d’Alzette” (CCPHVA), op de groussen Remix Opening.
D’Ouvertureszeremonie ass de 26. Februar 2022 vun 16.00 bis 23.00 Auer ënnert dem CovidCheck Regime 2G+ a fënnt op zwou Plaze statt: Esch-Zentrum an Esch-Belval.
Op verschidde Bühnen an op all Stroosseneck kënnt Dir Live Musek, DJs, Danz, Videomapping, Liichtinstallatiounen an eng grouss Varietéit u spektakulären an eenzegaartegen Animatiounen entdecken.
Wann Dir en Ticket fir béid Siten hutt, dann kënnt Dir mam Zug oder mat engem Shuttle tëscht deenen zwou Plazen hin- a hirfueren. Fir op Esch ze kommen, kënnen d’Visiteuren den ëffentlechen Transport oder eng speziell Park & Ride Navette benotzen. Méi Informatiounen fann dir um Site vun Esch2022.
Sëchert Iech Är gratis Ticketen hei!
FR
La Capitale européenne de la culture Esch2022 vous invite , ensemble avec les 19 communes Pro-Sud, ainsi que les 8 communes françaises de la Communauté de communesPays Haut Val d’Alzette (CCPHVA) au Remix Opening.
La cérémonie d’ouverture aura lieu le 26 février 2022 de 16 heures à 23 heures sous le régime CovidCheck 2G+ et ceci sur deux sites : à Esch-Centre et à Esch-Belval
En différents spots, sur scènes et à chaque coin de rue, vous pouvez découvrir, des concerts, des DJs, de la danse, des mappings vidéos, des installations lumineuses et une grande variété d’animations spectaculaires.
Les visiteurs munis d’un billet pour les deux site auront la possibilité de circuler entre les deux lieux (en train ou en navette). Pour se rendre à Esch, les visiteurs pourront utiliser les transports en commun ou des navettes spéciales Park &Ride.
Obtenez vos billets gratuits ici!
L’ancien moulin Bestgen va accueillir le centre socio-thérapeutique de Schifflange
Le 26 janvier 2022, le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse et la Commune de Schifflange ont débattu de l’exploitation future de l’ancien moulin Bestgen à Schifflange.
Suite à la récente étude technique du bâtiment et à l’analyse des besoins du secteur de l’aide à l’enfance, les deux parties ont convenu d’installer au Bestgensmillen le centre socio-thérapeutique (CST) géré par l’asbl TELOS Education à Schifflange. Le bâtiment sera transformé, rénové et équipé pour satisfaire à sa nouvelle mission.
Un CST est une structure d’accueil de jour pour les enfants de l’enseignement fondamental, qui se trouvent en situation de détresse (scolaire et/ou psychosociale) et qui nécessitent temporairement un accompagnement scolaire et pédagogique renforcé. La scolarisation est assurée par le Centre pour le développement socio-émotionnel (CDSE), centre de compétences de l’Éducation nationale. Actuellement, il existe sept structures de ce type au Luxembourg.
Le restaurant abrité aujourd’hui au Bestgensmillen restera ouvert.
Cet accord marque la volonté de la commune, des prestataires du CST (Telos asbl) et du ministère à travailler conjointement à la réalisation et à la mise en œuvre de ce projet.
Communiqué par la Commune de Schifflange et le MENJE
LU
De Lëtzebuerger Kënschtler Alain Welter huet sech, op Optrag vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 an an Zesummenaarbecht mam Syndikat T.I.C.E., e besonneschen Design mat Motiven aus der Minett Regioun afale gelooss. Bewonnere kënnt Dir seng Konscht op 10 Bussen déi och reegelméisseg duerch d’Stroossen vu Schëffleng fueren.
Dës Aktioun steet ganz am Sënn vun der Promotioun vum ëffentlechen Transport an der Nohaltegkeet, ee vun den haapt Piliere vun Esch2022.
De Making-Off-Video kënnt Dir Iech hei ukucken.
FR
Le TICE roule pour Esch2022, également via Schifflange !
L’artiste luxembourgeois Alain Welter a développé à la demande de la Capitale européenne de la culture Esch2022, en collaboration avec le syndicat T.I.C.E., un design particulier avec des motifs de la région du Minett. Vous pouvez désormais admirer son art sur 10 bus qui sillonnent régulièrement les rues de Schifflange.
Cette action s’inscrit tout à fait dans l’esprit de la promotion du transport public et d’un avenir collectif durable, un des principaux piliers d’Esch2022.
La vidéo du making-off est disponible ici.
Déi traditionell Wantervullenzielung vun natur&ëmwelt erlaabt et, d’Bestänn vun den heefege Vullenaarten zu Lëtzebuerg anzeschätzen a Populatiounstrends iwwert d’Jore festzestellen.
Hëlleft och Dir ze zielen an huelt Iech tëschent dem 28. an dem 30. Januar eng Stonn Zäit fir d’Vullen an Ärem Gaart oder um Balcon ze zielen.
All weider Informatiounen zur Zielung, der Umeldung an de Präisser, déi et ze gewanne ginn, fannt Dir hei.
Au courant du mois de décembre 2021, l’Administration communale de Schifflange, en étroite collaboration avec l’ « Initiativ Liewensufank », a organisé des cours de babysitter. Dix-neuf jeunes en total ont participé pendant sept heures à deux formations, dont une s’est tenue en langue luxembourgeoise et l’autre en langue française.
Mme Martine Blasius, Mme Betty Krombach et Mame Marta Lage, collaboratrices de l’ « Initiativ Liewensufank » ont donné les cours qui ont traîté les sujets suivants :
En présence du Collège échevinal et des membres du Conseil communal, les diplômes ont été remis aux participant(e)s lors de la remise officielle lundi, le 17 janvier 2021 à 18.00 heures en la Salle Grand-Duc-Jean à Schifflange.
Liste des jeunes participant(e)s :
En cas de besoin d’un babysitter actif, les parents peuvent visiter le site www.babysitting.lu, géré par le Service National de la Jeunesse en collaboration avec des partenaires locaux, dont la Commune de Schifflange. Les jeunes qui ont participé à la formation peuvent s’inscrire sur ce site pour proposer leurs services.
Voici le reportage-vidéo de la remise.
LU
Eis Gemeng ënnerstëtzt de Fairen Handel!
Am Januar 2022 gouf d’Fairtrade Coffee School lancéiert fir d’Produzenten z’ënnerstëtzen sech um Weltmaart méi staark duerchzesetzen.
D’Fairtrade Team vu Schëffleng verkeeft reegelméisseg faire Kaffi. Kommt och Dir eise personaliséierte Schëfflenger Kaffi an den Accueil vun der Gemeng sichen!
FR
Notre commune soutient le commerce équitable !
En janvier 2022, la Fairtrade Coffee School a été lancée pour aider les producteurs à prendre pied sur le marché mondial.
L’équipe locale de Fairtrade vend du café équitable. Passez à l’accueil de l’Hôtel de Ville et achetez notre café de Schifflange !
26.+27. Februar | 26.+27. Mäerz | 04. Juni 2022
D’Gemeng Schëffleng offréiert och 2022 nees, an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus, d’Formatioun Animateur A.
Mat dëser Formatioun kanns du spéider als Animateur un Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen an zesumme mat de Responsablen Aktivitéiten organiséieren, duerchféieren an d’Participante begleeden.
D’Formatioun riicht sech un all interesséierte Jonken am Alter tëschent 15 a 26 Joer, fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt a kascht 55€.
Weider Informatiounen zur Formatioun an der Umeldung fannt Dir an eisem Youthmag.
LU
D’Gemeng Schëffleng sammelt den 10. 11. an 12. Januar 2022 déi al Chrëschtbeemercher an. Wann Ären ale Beemche soll entsuergt ginn, da stellt e w.e.g. mueres viru 6.00 Auer op den Trottoir vun Ärem Haus oder Ärer Residence. De Beemche muss allerdéngs “propper” sinn, dat heescht en däerf net gesprayt sinn an et däerf keng Dekoratioun méi drun sinn.
Merci!
FR
La Commune de Schifflagne organise le ramassage des sapins de Noël le 10, 11 et 12 janvier 2022. Si vous souhaitez faire enlever votre sapin, placez-le sur le trottoir de votre propriété avant 6 heures du matin. Les sapins doivent être « propres », c’est-à-dire pas teints au spray et sans décoration.
Merci !
E Gedanke zum neie Joer
Léif Matbiergerinnen a Matbierger
Jo, et ass nees esou wäit. Mir soen Äddi 2021 a begréisse voller Freed an Hoffnung dat neit Joer 2022. Et ass och de Moment fir e Bléck zréck op 2021 ze werfen. E Joer, wat eis nees villes ofverlaangt huet.
Fir 2022 wënschen ech Iech all Guddes, Gléck a Gesondheet. Jo, virun allem Gesondheet, well dat ass d’Basis fir e glécklecht an zefriddent Liewen.
Am Mëttelpunkt vum neie Joer steet ouni Zweifel d’Kulturhaapstad Esch 2022, wou och eis Gemeng involvéiert ass, déi e flotte Programm fir Frëndschaft a fir Mateneen op d’Been gestallt huet. Den Eurofestival Enn Juli soll een Zeeche vun europäescher Solidaritéit tëschent de Natiounen a Kulturen duerstellen. D’Zesummeliewen tëschent de Mënsche geléngt eis, wa mir alleguer bereet si mat Modestie, Toleranz a Versteesdemech nei Brécken ze bauen.
Jo, dat ass eis Aufgab an eis Flicht beim Opbau vun enger Welt vu Gerechtegkeet a Wuelstand. An et ass ni ze spéit domadder unzefänken, fräi nom Motto vum Dag Hammarskjöld, fréieren UNO Generalsekretär: « Hal ni op unzefänken, a fänk ni un opzehalen am Beméien ëm eng besser Welt ».
Paul Weimerskirch
Buergermeeschter
Hei kënnt Dir d’Ried vum Här Buergermeeschter per Video vun der AMCIS ukucken oder um « Radio Gutt Laun » lauschteren: