Posts Categorized: Actualités

Schëffleng am Fokus vun E22 / conférence de presse

LU
Als Gemeng vum Mount (22. Juli bis 21. August 2022), huet d’Gemeng Schëffleng haut zesumme mat Esch2022 e Programm virgestallt, dee ganz am Zeeche vun der Nohaltegkeet a Veräinskultur steet. Flächeméissig gehéiert Schëffleng zwar zu de klengste Gemenge vu Lëtzebuerg, mee mat enger Bevölkerungsdicht vun 1.346 Awunner pro Quadratkilometer ass et eng ganz multikulturell Gemeng, an där méi wéi 100 verschidden Natiounen doheem sinn.

Sou ass et net verwonnerlech, datt ee vun de grousse Projete vun Schifflange2022 d’Villfalt an de kulturelle Räichtum feiert: « Europe goes Scuffelingen« .
Ausserdeem ass en zentraalt Thema vun der Europäescher Kulturhaaptstad och zu Schëffleng ganz present, neemlech d’Nohaltegkeet. Schëffleng huet sech am Kader vum Klimapakt en éiergäizegen Aktiounsplang ginn. Mat dem zweete grousse Projet « D’So vum Marxeweier« , wëll d’Gemeng d’Naturgebitt ronderëm de Schmëttbësch op eng kreativ Aart a Weis opwäerten.

Weider Informatiounen zu eise Projete fannt Dir an eiser Rubrik Esch2022, den offizielle Pressecommuniqué steet online am Newsroom vun Esch2022.

 

FR
En tant que commune du mois, Schifflange a présenté, ensemble avec Esch2022 un programme placé sous le signe du développement durable, de la culture associative et de l’Europe. Schifflange fait partie, par sa superficie, des plus petites communes du Grand-Duché. Avec 1.346 habitants/km2, la commune multiculturelle de Schifflange se situe juste après Luxembourg-Ville et Esch-sur-Alzette en termes de densité de population et accueille plus de 100 nations différentes.

Il n’est donc pas étonnant que l’un des deux grands projets de Schifflange2022 célèbre la diversité et la richesse culturelle : « Europe goes Scuffelingen ».
Connue comme l’une des communes du Luxembourg les plus performantes sur le plan écologique, Schifflange initie constamment de nouveaux projets en faveur de l’environnement. Grâce à Esch2022, la commune associe cette année la culture au développement durable, en faisant renaître une ancienne légende pour renaturer un cours d’eau au Schmëttbësch. Un deuxième projet, multidiciplinaire : « D’So vum Marxeweier ».

Pour plus d’informations sur nos projets, veuillez consulter notre rubrique Esch2022. Un communiqué de presse officiel est disponible dans le newsroom sur le site d’Esch222.

Europe goes Scuffelingen / European Peoples’ Festival Schifflange 23.07.-29.07.2022

LU

Schëffleng am Ausnamezoustand!

Hei um Flyer fannt Dir de komplette Programm vun eisem groussen Eurofestival (European Peoples’ Festival) « Europe goes Scuffelingen » – alles am Kader vun Esch2022.

Fir Iech e klenge Virgoût drop ze ginn, kuckt Iech eise Video un.

Hei nach d’Verkéiersreglement a weider Erklärungen zu de Parkingsméiglechkeeten.

All weider Detailer fannt Dir hei.

Mir hoffen Iech all um Fest begréissen ze kënnen.

 

EN

A lot going on in Schifflange!

Check out the flyer with the program of our big Eurofestival (European Peoples’ Festival) « Europe goes Scuffelingen » within the framework of Esch2022.

To give you a taste of this fun week, check out our video.

Traffic will be disturbed during the festival’s week: more info about closed streets and parking here.

For further information, please visit the official page.

We hope to welcome you all at the party.

Opgepasst : Brandgefor !

De Summer ass nees do a mat him d’Brandgefor an eise Bëscher. Mir rappelléieren, datt et strikt verbueden ass am Bësch Feier ze maachen. Et dierf net gegrillt ginn an et dierfen och keng Zigarettestëmp am Bësch entsuergt ginn.

Merci fir Äert Versteesdemech.

Visite de l’école Albert Wingert

Le projet « Bildungslandschaft / Paysage éducatif » évolue à grands pas !

La pose de la première pierre de l’école fondamentale Albert Wingert avait lieu il y a un peu plus de trois mois, et nous voilà dans la phase finale de la construction modulaire. En un temps record, les différentes pièces ont été montées et un bâtiment de trois étages qui pourra accueillir près de 250 élèves a été construit. Restent les travaux de finition et l’année scolaire 2022/2023 peut commencer !

Des membres du Conseil communal et du Service scolaire en peuvent témoigner suite à la visite des lieux avec explications du bureau d’études MC Luxembourg le 8 juillet 2022.

PEDIBUS & Maison Relais

Déi aktualiséiert Dokumenter fir d’Aschreiwung an d’Maison Relais 2022/2023 an déi ugepassten Tier vum PEDIBUS fannt Dir op eisem Site op der Säit vum Schoulservice.

Wéi connected sidd Dir?

Fannt et eraus a maacht den interaktiven Test op www.superuser.lu

Déi aktuell Campagne “Wéi connected bass du?” vu BEE Secure an dem Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse soll dem Notzer d’Méiglechkeet ginn emol iwwert den eegene Konsum vu Medien am Alldag nozedenken. Jidderee kritt zum Schluss vum Test eng Rei nëtzlech a praktesch Tipps mat op de Wee fir datt den Handy net d’Iwwerhand am Alldag hëlt.

Weider Informatiounen zu der Campagne fannt Dir hei.

Flyer

7 Sóis Luso Med Esch Orkestra

Le 6 juillet, le 7Sóis Luso Med Esch Orkestra a suscité l’enthousiasme à Schifflange lors du festival Sete Sóis Sete Luas. En guise de surprise, la Chorale Sängerfreed a également joué et chanté trois chansons avec eux.
Plus d’impressions dans notre galerie !

 

Cleanup-Day

LU
Haut den Owend, tëscht 18:30 an 20:00, kënnt Dir beim Clean Up am Kader vum Projet 1001 Tonnen vum Jessica Theis matmaachen.
Méi Infoen am Facebook Event!
FR
Ce soir, entre 18h30 et 20h00, vous pouvez participer au clean-up dans le cadre du projet 1001 Tonnen de Jessica Theis.
Plus d’infos dans l’événement Facebook !

Eng gelonge Première vun ‘Die Maschine steht still’

Nodeems déi ursprénglech Première esou ewéi déi éischt Virstellunge vum Theaterstéck ‘Die Maschine steht still’ hu misste krankheetsbedéngt ofgesot ginn, konnten déi weider Virstellunge vergaange Woch awer ewéi geplangt stattfannen. Den Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schäffe Carlo Lecuit hunn sech et net huele gelooss fir sech op der éischter Virféierung vergaangenen Donneschdeg vun dësem exzeptionelle Projet am Kader vun Esch2022 an d’Zukunft entféieren ze loossen. Vun der Gare zu Esch-Belval gouf et mam Space-Shuttle bis op de Site vum Pompelhaus zu Schëffleng, wou d’Zuschauer e Bléck an eng méiglech, maschinell gesteiert, Zukunft kruten.

Schëffleng ass eng LGBTIQ+ Freedom Zone

Am Kader vun der Luxembourg Pride Week 2022 huet d’Schëfflenger Gemeng sech op e neits solidaresch gewisen an op de Gemengegebaier vum 1. bis den 10. Juli d’Reeboufändelen ausgehaangen. D’Gemeng Schëffleng bekennt sech awer net just wärend dëser enger Woch am Joer zum Thema. De Gemengerot huet decidéiert aus Schëffleng eng LGBTIQ+ (Lesbian, Gay, Bisexual, Transgendered, Intersexual or Queer) Freedom Zone ze maachen. Mat de neie Schëlter, déi Dir an den Entréeë vun der Gemeng esou ewéi am Zentrum, beim Jugendhaus fannt, weist d’Gemeng, dass Schëffleng eng verständnisvoll, tolerant a faarweg Stad ass. D’Schëlter goufe vergaangene Freiden am Kader vun enger klenger Zeremonie offiziell « devoiléiert ».
De Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, an d’Sarah Colignon, Educatrice aus dem Schëfflenger Jugendhaus, hunn betount, ewéi wichteg dass et ass, dass Jonker e Raum hunn an deem een hinnen ouni Virurteeler  begéint an an deem si sech kënne fräi entfalen an en oppent Ouer fannen.