Posts Categorized: Actualités

Visite virtuelle de l’Hôtel de Ville

LU

Kennt Dir d’Gemengenhaus scho vu baussen a vu bannen ? Da luusst hei eran a kuckt Iech déi verschidde Säll méi genau un!

 

FR

Connaissez-vous déjà l’extérieur et l’intérieur de l’Hôtel de Ville ? Faites une petite visite virtuelle et découvrez la Place de la Liberté, le piano urbain, l’accueil, la salle du conseil communal, la salle du collège échevinal, la salle de fête Grand-Duc Jean, la salle de mariage, etc.

 

Passage de Flambeau Schifflange2022 – Mondercange2022

LU
Um leschten Dag vum Schëfflenger Mount am Kader vun Esch2022 an och um leschten Dag vun der Summer Bar am Haff huet d’Gemeng Schëffleng de symbolesche „Flambeau“, e Bild vum Kënschtler Raphael Gindt, weiderginn un d’Nopeschgemeng Monnerech an hir vill Erfolleg mat all de kulturelle Projeten an den nächste Woche gewënscht. Schëffleng bléckt zréck op e flotte Mount mat vill Gelaachs, gudder Musek, internationale Frëndschaften a seet jidderengem Merci dee mat gefeiert a gehollef huet an esou Deel vu Schifflange2022 war!

FR
Pendant le dernier jour du mois de Schifflange dans le cadre d’Esch2022 et également le dernier jour du bar d’été « am Haff », la Commune de Schifflange a remis le « Flambeau » symbolique, un tableau de l’artiste Raphael Gindt, à la commune voisine de Mondercange et leur souhaite un grand succès dans tous leurs projets culturels dans les semaines à venir. Schifflange fait le bilan d’un mois rempli de rires, de bonne musique et d’amitiés internationales et remercie tous ceux qui ont participé et contribué au succès des événements de Schifflange2022 !

 

Open-Air Kino

D’Gemeng Schëffleng invitéiert op den OPEN-AIR KINO um Terrain 1 an der Denis-Netgen-Strooss.

Um Programm:

Freides, de 26. August: 

„Top Gun“ (op Däitsch)

Samschdes, de 27. August:

„Minions“ (op Däitsch)

 

Ufank all Kéiers ëm 21:15 Auer (esou bal et däischter ass).

Fräien Entrée – Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!

       

D’Spillplaz gëtt verréckelt

LU_An der Woch vum 22. August 2022 ginn d’Aarbechte fir dat neit ënnerierdescht Parkhaus lass. An dësem Kontext wäert dann och d’Spillplaz an der Liberatiounsstrooss/Kierchestrooss ofgebaut ginn a fir d’Schoulrentrée nees an der Drusenheimstrooss op der Héicht vun den Tiny Haiser opgebaut ginn.

Am Joer 2025 wäert dat neit Parkhaus dann opgoen. Op der Uewerfläch wäert eng nei Gréngfläch entstoen an och d’Spillplaz wäert nach méi grouss nees opgebaut ginn.


FR_Pendant la semaine du 22 août 2022 les travaux pour la construction du nouveau parking souterrain commençeront. Dans ce contexte, l’aire de jeu sise entre l’avenue de la Libération et la rue de l’Eglise sera démontée et déplacée vers la rue de Drusenheim à la hauteur des « tiny houses » pour mi-septembre.

En 2025, le nouveau parking souterrain avec l’accès à la rue de l’Eglise sera opérationnel. En surface un nouvel espace vert y compris une aire de jeu agrandie seront aménagés.

 

parking souterrain

 

Déi nei Police APP

L’application mobile (iOS et Androïd) de la Police luxembourgeoise est disponible pour iOS (App Store), Android (Google Play) et Huawei (App Gallery) et peut être utilisée en 4 langues: LU, FR, DE, EN. L’application est gratuite et permet aux utilisateurs de profiter d’un certain nombre de services.

Vous trouverez de plus amples informations sur le site Police.lu.

App Police Flyer

Visitt vun den Tiny Haiser

LU
Den 11. August war de Schäfferot zesumme mat Memberen aus dem Gemengerot, esou wéi der Bierger- an Integratiounskommissioun op Visitt vun den Tiny Haiser an der Drusenheimstrooss.

Et handelt sech ëm dräi fäerdeg miwweléiert Logementer, déi jeweils 35m2 Plaz fir eng Famill mat Kanner opweisen. Ekippéiert sinn déi kleng Haiser mat Better (ënnert an iwwert der Mezzanin), enger Klimaanlag, Foussbuedemheizung an allem wat een esou brauch. D’Haiser sinn zu Schëffleng installéiert ginn fir 3 ukrainesch Famillen opzehuelen.

 

FR
Le 11 août, le collège des bourgmestre et échevins ensemble avec les membres du conseil communal ainsi que les membres de la commission des citoyens et de la commission de l’intégration ont visité les « Tiny Houses » de la rue de Drusenheim.

Il s’agit de trois logements entièrement meublés, chacun offrant une superficie de 35m2 pour acceuillir une famille avec enfants. Les petites maisons sont équipées de lits (en bas et en haut de la mezzanine), de climatisation, d’un chauffage de sol et de tout ce dont on peut avoir besoin. Les maisons ont été installées à Schifflange pour héberger trois familles ukrainiennes.

 

Trauerweid am Zentrum Schëffleng gëtt ëmgeplanzt

LU
An den nächsten Deeg wäert d’Trauerweid bei der Spillplaz am Zentrum vu Schëffleng ëmgeplanzt ginn. Am nohaltege Gedanken gëtt de Bam net ofeholzt, mee just e puer Meter verrëckelt. Dëst am Kader vun de Bauaarbeschten fir dat neit Schëfflenger Parkhaus.

An den leschten Méint sinn eng Rei nei Beem geplanzt ginn als Kompensatioun zu de deenen déi fir dat ënnerierdescht Parkhaus am Zentrum vu Schëffleng hu missten Plaz maachen. Och den Daach vum zukünftege Parking soll eng Gréng-Zone ginn.

 

FR
Dans les prochains jours, le saule pleureur situé à proximité de l’aire de jeux au centre de Schifflange sera replanté. Dans une logique durable, l’arbre ne sera pas abattu, mais simplement déplacé de quelques mètres. Cette opération s’inscrit dans le cadre des travaux de construction du nouveau parking de Schifflange.

Ces derniers mois, une série de nouveaux arbres ont été plantés pour compenser ceux qui ont dû céder la place au parking souterrain. Le toit du futur parking sera également transformé en espace vert.

Mayors for peace

LU

An Zesummenaarbecht mat der Organisatioun  « Mayors For Peace » an dem  « Syndicat des Villes et Communes luxembourgeoises » (SYVICOL)  huet d’Gemeng Schëffleng de 6. August 2022 op déi 77. Gedenkfeier zu éiere vun den Affer  vun den Atomugrëffer zu Hiroshima und Nagasaki agelueden. « Mayors for peace » ass 1982 vum Här Takeshi Araki, dem Buergermeeschter vun Hiroshima gegrënnt gi mam Zil d’Gemenge vun der ganzer Welt dozou ze beweegen sech solidaresch ze weisen a sech fir eng Welt ouni atomar Waffen anzesetzen.

Op Initiative vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl, déi 2018 an d’Liewe geruff ginn ass huet de SYVICOL d’Gemengen hei am Land  invitéiert sech dëser internationaler Organisatioun unzeschléissen.

Mat derbäi bei der Zeremonie am Park Léonie Koullen an d’Wuert ergraff hunn de japanesche Botschafter hei zu Lëtzebuerg, seng Exzellenz den Här Jiro Okuyama, de Buergermeeschter vu Schëffleng, den Här Paul Weimerskirch, esou wéi de Präsident vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform, den Här Raymond Becker an den  de SYVICOL-Vize President Louis Oberhag. No den Usproochen hunn d’Invitéen zesummen e Ginko Bam geplanzt, dëst ass déi éischt Zort vu Bam déi no dem atomaren Ugrëff vun 1945 nees gewuess ass. Et ass och e Konschtwierk a Symbol fir Fridde vum Här Kadamani und der Madamm Simone Weydert devoiléiert ginn. Dëst wäert an der Gemeng ausgestallt ginn. D’Gäscht vun der Zeremonie hunn als klenge Kado selwer gebastelt Blumme vun de Kanner aus der Maison Relais vu Schëffleng geschenkt kritt.

 

 

FR

En collaboration avec l’organisation « Mayors For Peace » et le SYVICOL, la commune de Schifflange a invité ce 6 août 2022 à la 77e cérémonie commémorative en l’honneur des victimes des attaques nucléaires de Hiroshima et de Nagasaki. L’association « Mayors for Peace » a été fondée en 1982 par Takeshi Araki, le maire d’Hiroshima, dans le but d’inciter les communes du monde entier à faire preuve de solidarité et à s’engager pour un monde sans armes nucléaires.

Sur l’initiative de la « Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl », une association créée en 2018 pour promouvoir la paix et la solidarité, le SYVICOL avait lancé un appel aux communes luxembourgeoises de soutenir l’organisation internationale « Mayors for Peace ».

Après les paroles, de son Excellence Monsieur Jiro Okuyama, Ambassadeur du Japon accrédité au Luxembourg, du bourgmestre de la Commune de Schifflange, Monsieur Paul Weimerskirch, suivi des discours du président de l’association de la « Friddens- a Solidäritéitsplattform », Monsieur Raymond Becker et du vice-président du SYVICOL, Monsieur Louis Oberhag, les invités ont planté ensemble un arbre Ginkgo, la première espèce d’arbre à repousser après l’explosion de la bombe atomique le 6 août 1945 à Hiroshima.En plus, l’œuvre d’art et symbole de paix crée par Monsieur Kadamani et par Madame Simone Weydert, a été dévoilée. Cette œuvre sera exposée à la commune et signifie « PAIX ». Les invités de la cérémonie ont reçu en petit souvenir des fleurs confectionnées par les enfants de la Maison Relais de Schifflange.

 

Nationale Referendum

Matdeelung

vun der Gemeng Schëffleng am Kader vun den Artikelen 8 an 9 vum ofgeännerten Gesetz vum 4. Februar 2005 iwwert den nationale Referendum

 

De Schäfferot

Vu d’Demande vum Comité d’initiative vum 26 Juli 2022, déi de Premier- a Staatsminister de 27 Juli 2022 kritt huet, fir e Referendum iwwert d’Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel IV a Vbis vun der Verfassung ze organiséieren;

Vu d’Décisioun vum Premier- a Staatsminister vum 29 Juli 2022 iwwert d’Recevabilitéit vun där Demande;

Vu d’Kommunikatioun vum Premier- a Staatsminister am Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg, Memorial A vum 5. August 2022, an Ausféierung vum Artikel 5 vum ofgeännerten Gesetz vum 4. Februar 2005 iwwer den nationale Referendum;

informéiert

d’Wieler, déi d’Walrecht fir d’Chamberswalen hunn an déi an der Gemeng Schëffleng domiciliéiert sinn, datt si d’Demande iwwert d’Ofhale vun engem Referendum iwwert d’Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel IV a Vbis vun der Verfassung, déi an éischter Liesung den 13. Juli 2022 vun der Chamber ugeholl ginn ass, ënnerstëtze kënnen, andeem si sech an de Lëschten aschreiwen, déi an der Gemeng vum 20. August 2022 bis den 13. September 2022 abegraff, opleien.

Wärend dëser Period sinn d’Lëschten op folgende Plazen an zu folgenden Zäiten zougänglech:

 

Uert:   Am  Büro vum “Guichet unique” vu der Gemeng Schëffleng

Deeg an Zäiten:  Méindes bis Freides vun 08.00 – 12.00 Auer a vun 14.00 – 17.00 Auer

Samschdes vun 10.00 – 12.00 Auer

 

Den Text vun der Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel IV a Vbis vun der Verfassung kann op den uewe genannte Plaatzen an zu den uewe genannten Zaiten agesi gin.

Fir d’Demande iwwert de Referendum z’ënnerstëtzen muss de Wieler sech perséinlech op senger Gemeng presentéieren. De Wieler muss säin Numm, seng Virnimm a seng Adress dem zoustännegen Agent matdeelen an eng gülteg Pièce d’identité virweise kënnen.

Nodeems den Agent kontrolléiert huet ob de Wieler op de Wielerlëschten agedroen ass, leet den Agent dem Wieler d’Aschreiwungslëschte vir an dréit dem Wieler säin Numm, seng Virnimm a säi Gebuertsdatum an.

Nodeems de Wieler dës Aschreiwunge kontrolléiert huet, ënnerschreift hien d’Lëscht.

De Wieler deen duerch e physeschen Handicap net ënnerschreiwe kann, däerf sech vun enger Persoun begleede loossen, déi a sengem Numm ënnerschreiwen däerf. Dës begleedend Persoun däerf kee kommunaalt, nationaalt oder europäescht Mandat bekleeden, si muss liesen a schreiwe kënnen an däerf net gemäß de Bestëmmungen vum Artikel 6 vum ofgeännerten Walgesetz vum 18. Februar 2003, vum d’Walrecht ausgeschloss sinn.

Et däerfen déi Wieler ënnerschreiwen déi den Dag virum Ufank vun der Ënnerschrëfte Sammlung op de Wielerlëschte fir d’Chamberwalen agedroe sinn.

Déi Wieler déi net op der Wielerlëscht vun der Gemeng stinn, mussen eng Décisioun vum Buergermeeschter vun hirem Wunnuert respektiv vun enger Geriichtsinstanz virweise kënnen déi bezeit datt si d’Walrecht an där Gemeng hunn.

Déi Wieler déi zwar op dëse Wielerlëschten agedroe sinn, mee déi hiert Walrecht duerch eng gesetzlech Bestëmmung oder duerch e Geriichtsbescheed oferkannt kritt hunn, däerfe sech net un der Ënnerschrëfte Sammlung bedeelegen.

All Wieler däerf nëmmen eemol d’Lëscht ënnerschreiwen. D’Ënnerschreiwen am Numm vun enger drëtter Persoun ass verbueden ausser am Fall wou eng Persoun eng handicapéiert Persoun begleet.

D’Ënnerschrëft vum Wieler op der Lëscht bedeit datt dëse Wieler d’Demande fir d’Ofhale vun engem Referendum ënnerstëtzt.

Dës Demande ass nëmmen dann ugeholl, wa 25.000 Wieler se ënnerstëtzen.

 

 (s.) De Schäfferot

 

Communication de la Commune de Schifflange – référendum (FR)

Mitteilung der Gemeinde Schifflingen – Referendum (DE)