Posts Categorized: Actualités

Aweiung vun der Skulptur am Kader vum Projet Footprint

De Samschden 22. Oktober huet d’Gemeng Schëffleng zesumme mat der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire bei enger feierlecher Aweiung hir Skulptur am Kader vum Projet « Footprint », devoiléiert.

De Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, ass op d’Symbolik vum Projet « Footprint » agaangen an huet erklärt, dass et grad elo a schwéieren Zäite wichteg ass dass d’Gesellschaft soll zesummenhalen. « Et ass egal vu wou ee kënnt oder wou een higeet, egal wat ee geléiert huet oder wat ee schafft, egal wéi eng Sprooch ee schwätzt oder wéi eng Hautfaarf een huet, mer sëtzen all an engem Boot. » Doriwereraus representéiert de Projet wonnerbar d’Mixitéit vun der Schëfflenger Populatioun.

D’Madamm Gastauer huet erkläert dass et hir bei deem Projet virun allem gaangen ass ze weisen dass all Mënsch säi Foussofdrock hannerléisst, och wann een dat net ëmmer esou wouerhëlt. Sie huet sech och erfreet gewisen iwwert déi vill Ënnerstëtzung vu Frënn a Bekannten awer och anere Partner mat virop der Gemeng Schëffleng, déi dëse Projet integral finanzéiert huet.

D’Madamm Luu huet stellvertriedend fir all déi Leit geschwat, déi hire Ofdrock zur Verfügung gestallt hunn, an huet kuerz hire Wee an hir Erfarunge beschriwwen déi si gemaach huet säit si mat 20 Joer de Vietnam verlooss huet.

 

Méi Informatiounen iwwert de Projet « Footprint » fann Där am Dossier.

Invitatioun op e festlechen Hierschtconcert 2022

LU

De Schäfferot invitéiert Iech vun Häerzen op e

« Festlechen Hierschtconcert »

mam Orchester « Estro Armonico » a mat der jonker Schëfflenger Violonistin Alexia Ouyang

Sonndes, de 6. November 2022 um 17:00 Auer am Centre Sportif

Gespillt gi Wierker vum Johann Strauss

Den Entrée ass 10.- Euro

Den Erléis geet integral u « Schëffleng Hëlleft »

 

 

FR

Le Collège échevinal a le plaisir de vous inviter cordialement au

« Festlechen Hierschtconcert »

de l’orchestre « Estro Armonico » avec la jeune violoniste schifflangeoise Alexia Ouyang

le 6 novembre 2022 à 17.00 heures au Centre Sportif

avec des oeuvres de Johann Strauss

L’entrée de 10.- euros sera intégralement versée au profit de l’Association « Schëffleng Hëlleft »

 

Nei Uniforme fir eis Damme fir d’Receptiounen

LU

Eis Dammen, déi reegelméisseg de Patt bei diversen Okkasioune fir d’Gemeng Schëffleng assuréieren, kruten den 21. Oktober 2022 a Presenz vum Schäfferot hir nei Uniformen.

 

FR

Le 21 octobre 2022, nos dames qui assurent régulièrement le service lors des réceptions de la Commune de Schifflange ont reçu leur nouvel uniforme en présence du Collège échevinal.

Den neien Newsmag ass do!

Dir fannt d’Oktober-Editioun N°269 vun eisem Newsmag an de Publikatiounen.

Et ass reeneresch a kal dobaussen! Dofir maacht eng Paus, drénkt e gudde waarmen Téi a kuckt Iech un, wat dës Editioun ze bidden huet.

Vill Spaass beim Liesen!

 

 

 

Happy Birthday Fairtrade Lëtzebuerg

30 ans déjà! The Future is fair

Fondé en 1992, Fairtrade Lëtzebuerg a célébré hier, le 20 octobre 2022 son trentième anniversaire. Cette soirée festive hors du commun a permis à l’ONG luxembourgeoise de revenir sur ces trois dernières décennies, de présenter les différentes actions de sensibilisation prévues pour le futur et de surprendre les invités avec beaucoup de belles choses encore.

La Commune de Schifflange est fière de faire partie de la famille Fairtrade Lëtzebuerg et a hâte de faire continuer le voyage de la « Flamme Fairtrade« .

Plus d’info sur fairtrade.lu

Europe goes Scuffelingen: Soirée de remerciement

LU

De 17. Oktober 2022 huet de Schäfferot all déi Leit op en Iessen invitéiert, déi maassgeeblech zum Erfolleg vun der 30. Editioun vum « European Peoples’ Festival » an insgesamt déi 3. Editioun zu Schëffleng bäigedroen hunn. D’Oplag vun 2022 stoung ganz am Zeeche vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 an huet honnerte vu Leit op Schëffleng bruet, déi do vill Kultur an eng immens Ambiance erlieft hunn.

Bei dëser Geleeënheet hunn net nëmmen de Buergermeeschter Paul Weimerskirch, mee och de Präsident vun der Eurofestival asbl, Tim Holbach an natierlech de Präsident vum Organisatiounscomité, Roland Schreiner, alle Memberen an och Benevolle Merci gesot fir hir Aarbecht.

Hei fannt Där e puer Impressioune vun dësem flotten Ofschloss vun der Editioun 2022.

 

FR

Le 17 octobre 2022, le Collège des bourgmestre et échevins avait invité à un dîner de remerciement, qui s’adressait à toutes les personnes ayant contribué au succès de la 30e édition du  “European Peoples’ Festival”. L’édition de 2022 s’est déroulée sous le signe de la Capitale européenne de la Culture Esch2202 et avait attiré des centaines de personnes à Schifflange.

Le bourgmestre a profité de l’occasion pour remercier tous les membres du comité d’organisation, les membres de l’association Eurofestival et toutes les personnes bénévoles. Le président du comité d’organisation, Roland Schreiner et le président de l’association Eurofestival, Tim Holbach, ont confirmé le message de remerciement du bourgmestre et ont souligné la bonne collaboration entre tous les acteurs.

Veuillez trouver les impressions de cette soirée ci-dessous.

 

Nouveau parking dans la rue de Drusenheim

Par la présente, nous vous informons qu’à partir du 18.10.2022 le nouveau parking dans la rue de Drusenheim sera opérationnel.

Le parking sera gratuit jusqu’à l’installation des barrières et la circulation sera réglementée comme suit :

  • Pour les véhicules ≤3,5t

Stationnement avec disque les jours ouvrables (du lundi au samedi) de 08h00 à 12h00 et de 14h00 à 18h00 et pendant max. 4 hrs

Deux emplacements sont réservés aux personnes à mobilité réduite

  • Pour les camionnettes

Stationnement autorisé selon le règlement communal fixant les conditions de stationnement pour camionnettes

 

A partir du 01.01.2023, dès l’installation des barrières, le parking sera payant !

 

Diamantenhochzäit Goedert-Bianchy

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch gratuléiert dem Här Goedert Adolphe an der Madamm Bianchy Marie fir hir Diamantenhochzäit.

Si hu sech deemools den 12. Oktober 1962 zu Esch/Ulzecht bestuet, moies fréi um 7 Auer an der Kierch an um 16 Auer op der Gemeng – dat wëssen se nach ganz genau. Si liewe säit 1980 hei zu Schëffleng.

D’Koppel krut e Bouquet Blummen an e Buch iwwert onsere Minett geschenkt zu dëser frouer Geleeënheet.

Si hu sech schonn als Jugendlecher kannt, well se zesummen als Noperen zu Esch opgewuess sinn. Hiert Geheimnis fir sou laang beieneen ze bleiwen? « Et gëtt keen », seet d’Madamm Bianchy, « an all Stot gëtt et Sträit, den Trick ass just drun ze schaffen. »

Mat hirer grousser Famill vu 4 Kanner, 8 Enkelkanner a 5 Urenkel sinn déi 2 Verléifter genuch beschäftegt.

Den Här Goedert ass awer nach niewebäi passionéierte Gäertner a këmmert sech em säi Geméis, Hénger a Kanéngercher selwer.

MOOD- News vun der Metzeschmelz

LU
De Samschden 8. Oktober huet en Informatiounsdag « MOOD » (Metzeschmelz Official Opening Day ) iwwert d’Zukunft vun der Metzeschmelz stattfonnt. D’Visiteure konnten den zukünftege Quartier Metzeschmelz entdecken, sech mat Experten austauschen an u Workshoppen a Féierungen deelhuelen. An Zukunft wäerte bis zu 10.000 Leit um Site vun der Metzeschmelz kënne liewen a schaffen.
Mei Infos zum Projet hei.
FR
Le samedi, 8 octobre la journée d’information « MOOD » (Metzeschmelz Official Opening Day) a eu lieu. Les visiteurs ont pu découvrir le futur quartier Metzeschmelz, échanger avec des experts et participer aux ateliers et visites guidées. À l’avenir le site pourra accueillir jusqu’à 10.000 personnes.
Plus d’infos sur le projet.

La semaine de la santé mentale 2022

La Semaine de la Santé Mentale est un événement d’envergure nationale qui a pour objectif général de sensibiliser la population aux troubles mentaux et de lutter contre la stigmatisation des maladies mentales.

Elle se tient autour de la journée mondiale de la santé mentale (10 octobre). Pendant sept jours un programme riche et diversifié est proposé aux professionnels de la santé ainsi qu’au grand public, des plus jeunes aux plus âgés. Un grand nombre d’activités académiques, artistiques et culturelles autour du bien-être psychique permettent de se familiariser avec les maladies mentales, d’échanger autour des moyens de traitements et de communiquer sur les actions de prévention.

La troisième édition qui se tient du 10 au 16 octobre 2022 a pour slogan « Ma santé, c’est aussi ma santé mentale ». Associations, établissements scolaires, entreprises, institutions culturelles ou simplement personnes physiques engagées, tout le monde peut participer.

Rendez-vous sur le site www.semainesantémentale.lu pour découvrir plus d’informations.

Mobilisez-vous et contribuez ainsi à donner à la santé mentale une place dans notre société.