Posts Categorized: Actualités

Ovatioun vum neie Gemengerot

LU

Den 25. September 2023 hat den « Syndicat d’Initiative » vu Schëffleng op eng kleng Feier invitéiert fir den neigewielten Gemengerot ze éieren. Des sympathesch Initiative vum Syndikat huet mëttlerweil schonn Traditioun hei zu Schëffleng.

D’Presidentin vum SI, Esther Zwank, war houfreg vill Veräinsvertrieder an Éieregäscht begréissen ze kennen. An hirer Ried huet si allen Kandidaten déi sech de Walen vum 11. Juni 2023 gestallt hunn an di grouss Erausfuerderung am Interessi vu Schëffleng an all senge Bierger.innen ze schaffen ugeholl hunn, hire gréissten Respekt ausgesprach. Den Owend ass musekalesch begleed ginn vun der Schëfflenger Musek.

Där kënnt weider Fotoen an eiser Galerie gesinn.

 

FR

Le 25 septembre 2023, le « Syndicat d’Initiative » de Schifflange a organisé une petite fête en l’honneur du nouveau Conseil communal. La sympathique initiative du syndicat a une longue  tradition à Schifflange.

La présidente du SI, Esther Zwank, était fière de pouvoir accueillir de nombreux représentants d’associations ainsi que les invités d’honneur. Dans son discours, elle a exprimé son plus grand respect à tous les candidats qui se sont présentés aux élections du 11 juin 2023 et leur a souhaité beaucoup de succès dans l’exécution de leurs tâches. L’ovation a été accompagnée musicalement par l’Harmonie Municipale de Schifflange.

Vous pouvez consulter plus de photos dans notre galerie.

 

Hei dierft Dir plécken – Aktioun gielt Band

LU

D’Aktioun « Gielt Band – Hei dierft Dir plécken! » ass eng Initiativ vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an Zesummenaarbecht mat dem Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol). Déi zweet Ausgab vun dëser Anti-Gaspi-Kampagne ass am Abrëll d’lescht Joer an de Bongerte vun der Gemeng Schëffleng an der Héidengerstrooss lancéiert ginn.

« Hei dierft Dir plécken – Zerwéiert Iech! » D’Konzept ass ganz einfach: Wann e gielt Band op engem Uebstbam befestegt ass, dann ass d’Plécke fir de perséinleche Gebrauch erlaabt, esouguer erwënscht, fir ze verhënneren, datt d’Uebst, op an ënnert de Beem, verfault ouni genotzt kënnen ze ginn.

D’Kampagne erwëscht deemno zwou Mécken an engem Coup: Si bekämpft aktiv d’Liewensmëttelverschwendung a wäert dat lokaalt Uebst op – egal ob et schéin a perfekt geformt oder e bësse méi ellen ass.

Vill Gemengen a Privatleit huelen entre temps un dëser Aktioun Deel a markéieren hir Beem mat deem giele Band.

 

FR

Les amateurs de bons fruits locaux ont de quoi se réjouir – l’action « Gielt Band – Hei dierft Dir plécken! » est une initiative du ministère de l’Agriculture, de la, Viticulture et du Développement rural ensemble avec le Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol), dont la 2e édition de cette campagne anti-gaspillage a été lancée en avril 2022 dans le verger communal à Schifflange situé dans la rue de Hédange.

« Hei dierft Dir plécken − Zerwéiert Iech ! » Le concept est simple : si un ruban jaune est attaché à un arbre fruitier, la cueillette pour usage personnel est autorisée, voire encouragée, pour éviter que des centaines de kilos de fruits pourrissent sur et sous les arbres.

La campagne permet ainsi de faire d’une pierre deux coups, en luttant activement contre le gaspillage alimentaire et en valorisant les fruits locaux, qu’ils soient beaux ou moches, parfaits ou mal calibrés.

L’élan de solidarité des communes et des personnes privées et grand.

 

Méi Info op / Plus d’information sur :

 

Schoulrentrée

LU

D’Gemeng Schëffleng ass houfreg dass eng ronn 1’000 Schoulkanner dat neit Schouljoer konnte gutt ufänken. Fir dass déi klengst aus dem Einseignement fondamental  e besonnesch schéine Start kënne hunn, huet de Schäfferot alle Kanner aus dem 1. Schouljoer eng Schmierekëscht geschenkt.

Insgesamt sinn dat 28 Kanner aus 2 Klassen aus der Nelly Stein, 27 Kanner aus 2 Klassen aus der Lydie Schmit an 49 Kanner aus 3 Klassen aus der Albert Wingert Schoul.​

An dësem Zesummenhang wënsche mer  alle Schoulkanner e gelongene Start an en erfollegräicht Schouljoer.

FR

La Commune de Schifflange est fière que près de 1.000 enfants scolarisés aient bien démarré la nouvelle année scolaire. Afin que les petits puissent débutent bien leur carrière scolaire, le Conseil communal a offert un petit cadeau à tous les enfants de la première année scolaire.

Au total, ce sont 28 enfants de 2 classes de l’école Nelly Stein, 27 enfants de 2 classes de l’école Lydie Schmit et 49 enfants de 3 classes de l’école Albert-Wingert.

Dans ce contexte, nous souhaitons à tous les enfants scolarisés un bon départ et une année scolaire réussie.

Summer am Jugendhaus

LU

Wéi all Joers hunn och dëse Summer, an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus, d’Vakanzenaktivitéite fir Jonk (12-17 Joer) stattfonnt. Ob Dagesaktivitéiten oder Weekendtrips, et war vun allem a fir jiddereen eppes dobäi.

Wien aktiv an abenteuerlech ass, konnt een sech bei Aktivitéiten ewéi dem Wakeboarden, dem Kloterpark oder souguer enger Woch Adventure Days am Frankräich richteg austoben. Wien sech fir Kultur interesséiert an et éischter gemitterlech wollt ugoe loossen, war mat bis op Köln oder ass mam Train 1900 matgefuer. An déi kreativ Jonk konnten am Keramikatelier an dem Graffiti-Workshop weise, wat se kennen.

Bei dësen a villen aneren Aktivitéite konnten onvergiesslech Erënnerunge geschaaft ginn, déi d’Participanten, hier Elteren an d’Equippe aus dem Jugendhaus de vergaangene Freiden op der traditioneller Ofschlossfeier vun de Vakanzenaktivitéiten nach emol Revue passéiere gelooss hunn.

De ganzen Erfarungsbericht vum Jugendhaus wäert Dir am nächsten Newsmag kënne noliesen. An eiser Galerie fannt Dir awer elo schonn eng Rei Impressioune vun deem flotte Summer.

Informatiounen iwwert den Alldag am Jugendhaus an hier geplangten Aktivitéite fannt Dir op hirem Internetsite.

 

FR

Comme chaque année, les activités de vacances pour les jeunes (12-17 ans) ont eu lieu cet été en collaboration avec la Maison des jeunes de Schifflange. Qu’il s’agisse d’activités d’une journée ou d’excursions d’un week-end, il y en avait pour tous les goûts.

Les actifs et aventureux peuvent se défouler lors des activités comme le wakeboarding, au parc d’escalade ou même pendant une semaine en France et beaucoup plus. Les jeunes créatifs ont pu montrer ce dont ils étaient capables dans l’atelier de céramique et l’atelier de graffiti.

Ces activités et bien d’autres ont permis de créer des souvenirs inoubliables, que les participants, leurs parents et l’équipe de la maison des jeunes ont célébrés vendredi dernier lors de la traditionnelle fête de clôture des activités de vacances.

Vous trouverez des informations sur le quotidien du centre de jeunes et les activités prévues sur le site web.

Sk8ing Girls 2023

Den 30. September ass et erëm esou wäit! De Sk8ing Girls ass zeréck a bitt ewéi gewinnt nees vill sportlech a kënschtleresch Aktivitéiten:
Skateboarding, Longboarding, Gender Game, Yoga, Upcycling, Sérigraphie, Kleedertausch, asw.

Wann Dir also e flotten Nomëtteg mat Musek, Demonstratiounen a gudder Laun verbrénge wëllt, da kommt laanscht a maacht mat:
Den 30.09.2023 vun 12.00 bis 18.00 Auer am Schëfflenger Skatepark (Biergemer Wee).

D’Aktivitéite sinn op fir jiddereen, Meedercher a Jongen, jonk oder jonk-bliwwen, vun Ufänger bis Profi.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

« Sk8ing Girls » gëtt am Kader vum Internationale Meederchersdag (11. Oktober) organiséiert an et geet an éischter Linn drëms fir de Skateboard, e Sport dee vun de Männer a Jongen dominéiert gëtt, och bei de Meedercher méi bekannt ze maachen.

Video Sk8ing Girls 2021

Kommt laanscht an traut Iech matzemaachen!

 

 

Rentrée Scolaire 2023/2024

LU

Opgepasst, d’Rentrée steet un! Muer, de 15. September fänkt d’Schoul erëm un a vill Kanner wäerten nees ënnerwee sinn. Dofir léif Automobiliste passt w.e.g. op a maacht lues op de Stroossen. Mir wënsche jidderengem e gudde Schoulufank!

Hei eng offiziell Matdeelung vun der Police wat d’Sécherheet op de Stroosse ubelaangt.

Déi ugepassten Tier vum PEDIBUS fannt Dir op eisem Site op der Säit vum Schoulservice.

 

FR

Attention, la rentrée scolaire aura lieu demain 15 septembre ! Avec le début des cours, beaucoup d’enfants circuleront de nouveau. Chers automobilistes soyez prudents sur la route. Bonne rentrée à toutes et tous !

Voici un message officiel de la police concernant la sécurité routière.

Les chemins adaptés du PEDIBUS se trouvent sur le site du Service scolaire.

Eng sécher Rentrée 2023: Matdeelung vun der Police

LU

Den Ufank vun der Schoul am September ass en Héichpunkt am Schouljoer an an der Schoulcarrière vun all Kand. Traditionell ass dat och d’Zäit, wou d’Police besonnesch an der Ëmgéigend vun de Schoule present ass an am Kader vun engem allgemenge Verkéierssécherheetskonzept d’Kanner op d’Geforen um Schoulwee sensibiliséiert. Iwwerdeems d’Stroossesécherheet all Stroossebenotzer beaflosst, sinn d’Foussgänger a Vëlosfuerer ouni Zweiwel déi vulnerabelste Stroossebenotzer. D’Kanner sinn engem nach méi grousse Risiko ausgesat wéi Erwuessener wéinst hirer Onerfahrung am Verkéier. Ausserdeem fënnt de Wee an d’Schoul zimmlech dacks fréi moies an den däischterste Stonne vum Dag statt.

Dofir gëtt d’Lëtzebuerger Police an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend all Kand aus dem Cycle 2.1. Grondschoul eng Sécherheetswest fir d’Schouljoer 2023/2024. Am September ginn iwwer 8.000 Sécherheetswesten an de Schoulen am Land verdeelt, zesumme mat engem Erklärungsbréif un d’Elteren, enger Zeechnung fir faarweg ze molen an engem Flyer mat den eelef Verkéiersreegelen.

 

FR

La rentrée présente un moment fort dans l’année et le parcours scolaire de chaque enfant. Traditionnellement, c’est aussi le moment où la Police est particulièrement présente dans les alentours des écoles et sensibilise les enfants quant aux dangers sur le chemin de l’école dans une approche de sécurité routière générale.

Si celle-ci concerne tous les usagers de la route, il est certain que les piétons et cyclistes comptent parmi les usagers les plus vulnérables sur la voie publique ; et les enfants encore davantage que les adultes à cause de leur silhouette plus fine et leur taille plus réduite, leur inexpérience sur la route et, parfois, leur inattention voire distraction sur le chemin de l’école. S’y ajoute le fait que le chemin de l’école est emprunté assez souvent pendant les moments les plus sombres de la journée, c’est-à-dire tôt le matin ou en fin d’après-midi. Autant de raisons pour sensibiliser davantage les jeunes à la problématique, et pour augmenter leur visibilité.

Voilà pourquoi, dans le cadre de cette rentrée scolaire 2023/2024, la Police luxembourgeoise, en coopération avec le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, offre un gilet de sécurité à chaque enfant du cycle 2.1. de l’enseignement fondamental. Ainsi, plus de 8.000 gilets de sécurité sont distribués en septembre à travers les écoles du pays, accompagnés d’une lettre explicative adressée aux parents, d’un dessin à colorier et d’un flyer avec les règles de la circulation élémentaires destinés aux enfants.

Pour une meilleure visibilité de l’enfant, la Police encourage le port du gilet de sécurité spécialement aux moments les plus sombres de la journée, par exemple tôt le matin sur le chemin de l’école.

Flyer Rentrée-Police

Moritz Ney – Oeuvres Récentes

Moritz Ney est un artiste peintre- sculpteur luxembourgeois. Il est né le 26 juillet 1947 à Pétange. Il a commencé par exercer le métier de douanier.

 

En 1967, sa décision de devenir artiste le conduit chez le sculpteur Aurelio Sabbatini à Esch-sur-Alzette. C’est dans l’atelier de Sabbatini que Monsieur Ney fera ses premières expériences de sculpture.

En 1968, il fréquente la « Staatliche Werkhochschule » de Trèves en Allemagne  pour suivre des cours de dessin et de sculpture durant un semestre.

La même année, alors que cette école ferme ses portes, Moritz Ney rejoint le peintre, sculpteur et céramiste Albrecht Klauer-Simonis à Höhr-Grenzhausen toujours en Allemagne. Là, il prépare un dossier d’admission pour l’« Akademie der Bildenden Künste » à Karlsruhe.

De 1969 à 1972, il suit des cours de peinture avec les professeurs Herbert Kitzel et Horst-Egon Kalinovski, ainsi que des cours de sculpture avec le professeur Hans Kindermann.

De 1972 à 1980, Moritz Ney vit et travaille à Bruxelles.

En 1980, il retourne au Luxembourg, où il commence à travailler comme artiste indépendant.

Depuis 2019, l’artiste vit et travaille en Belgique.

 

Moritz Ney a fait avec succès plusieurs expositions collectives et personnelles à Luxembourg ainsi qu’à étranger.

 

En contemplant une sculpture ou une peinture de Moritz Ney, on comprend que chaque oeuvre est un poème où les proportions remplacent les rimes et sont à la fois sujets et âmes. Entre la figuration et l’abstraction, les œuvres de Moritz Ney sont faites d’une tendresse rude, d’une brutalité gentille.

 

Nous sommes donc très heureux de vous accueillir et de vous présenter l’exposition Oeuvres Récentes – Moritz Ney.

Visitt bei de Schëfflenger Pompjeeën

Mir hunn eis gefreet der Inneministesch, Madamm Taina Bofferding, op hirer « Summertour », eise Centre d’intervention (CIS) kënnen ze weisen.

Hei fannt Dir e puer Andréck vun der Visitt.

© SIP/ Julien Warnand

Gedenkfeier zum Generalstreik vum 31. August 1942

LU

Den 31. August 2023 huet de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng op den 81. Gebuertsdag vun der Streikgedenkfeier invitéiert fir den Affer vum Generalstreik vun 1942 ze gedenken. D’Feierlechkeeten hunn a Presenz vu Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a Veräiner, esou wéi dem Musée de la Sidérurgie « De Schmelzaarbechter » stattfonnt.

Mat der Kranznidderleeung zu Esch/Uelzecht(Portal Lalleng) hunn d’Festivitéiten zesumme mat der Staat Esch an ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée ronderëm de Präsident Alain Günther den Ufank gemaach. Dono ass et beim Monument am Park Léonie Koullen zu Schëffleng weidergaangen, a genau ewéi virun 81 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18.00 Auer d’Sireen gaangen. A senger Usprooch betount de Buergermeeschter Paul Weimerskirch dat ni soll vergiess ginn wat geschitt ass an dat een déi Leit éiere sollen déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn. Näischt op dëser Welt ass selbstverständlech, scho guer net de Fridden an d’Gerechtegkeet.

 

FR

Le 31 août 2023, le Collège des bourgmestre et échevins ensemble avec le Conseil communal de la Commune de Schifflange ont invité à commémorer le 81e anniversaire de la grève générale de 1942. Des représentants de la Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), des Enrôlés de Force, du Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), des syndicats et des associations ainsi que du Musée de la Sidérurgie ont participé aux festivités.

C’est par le dépôt des gerbes à Esch/Alzette (portail de Lallange) que la cérémonie a commencé, ensemble avec la Ville d’Esch et sous le patronage de l’Amicale Fondeurs-Musée, autour de son président Alain Günther. Les festivités se sont ensuite poursuivies devant le monument dans le parc Léonie Koullen à Schifflange avec le déclenchement de la sirène à 18.00 heures. Le Bourgmestre Paul Weimerskirch souligne dans son discours qu’il ne faut jamais oublier le passé et honorés les personnes qui se sont battues pour la paix et la justice. Rien n’est acquis dans ce monde, et surtout pas la paix et la justice .