75. Joer Streikgedenkfeier an hir Zäitzeien

thumbnail of Streikgedenkfeier 31082017

 

Schëffleng gedenkt all Joer un den Generalstreik vum 31. August 1942. Dëst Joer ass et schonn den 75. Joresdag. Deemools haten eng ganz Partie Leit, wéinst dem Ausruffen vun der Zwangsrekrutéierung vun der Lëtzebuerger Jugend, géint den Nazi-Regime protestéiert an hier Aarbecht néiergeluecht.

Haut ginn et zu Schëffleng nëmmen nach wéineg Zäitzeien déi den Generalstreik den 31. August 1942 materlieft hunn. Ënnert hinnen ass den Jos Steichen. Hien huet beim Streik matgewierkt an huet dowéinst awer och missen schwéier Konsequenzen op sech huelen. Säin Jong den Viktor Steichen huet sengem Papp seng Geschicht opgegraff an beschäftegt sech elo säit méi wéi zéng Joer mat Recherchen ronderëm t sengem Papp seng Liewensgeschicht. Hien huet sech bereet erkläert eis an engem Gespréich iwwert d’Liewen an dat Erlieften vun sengem Papp ze erzielen.

An wéi enger Hisiicht war äre Papp um Generalstreik den 31. August 1942 bedeelegt bzw. wei ass en involvéiert ginn?

Den Gauleiter huet den 30. August 1942 d’Zwangsrekrutéierung vun der Lëtzebuerger Jugend aus de Joergäng 1920-1924 proklaméiert, spéider koumen nach déi vun 1925 an 1926 derbäi. Mäin Papp hat dëst am Radio héieren an huet sech doropshin den Dag duerno den 31. August virun d’Eecher Spidol gestallt an d’Léit opgefuerdert (de Leit déi op hier Aarbecht gaange sinn gesot: dir gitt elo schaffen a mir ginn agezunn) hier Aarbecht néier ze leeën an sech um Generalstreik ze bedeelegen. Hien war deemools knapps 17 Joer al. Hien hat seng Aarbecht och néier geluecht an ass den 31. August 1942 net schaffen gaangen. Zu dem Ament war hien Léierbouf am “Institut Emile Metz” wou en eng Léier als Schlesser ugefaangen hat.
Een vun den Grënn firwat hien sech mat um Streik bedeelegt hat war méiglecherweis och duerch säin Brudder
(Joergang 1918 [gebuer zu Schëffleng]). Dësen war zu Weimeschkiirch bei de Pompjeeën a gouf vun den Däitschen beim Flugabwehrkommando (Flak) agesaat. Mäin Papp krut doropshin vun sengem Brudder oft gezielt wat do sou geschitt. En plus hat säin Brudder Kontakt zu den Resistenzler zu Schëffleng. Dëst huet wahrscheinlech mat dozou bäigedroen, dass en sech fir den Streik engagéiert huet.

Hat hien net grouss Angscht, well en huet jo mat dëser Aktioun och säin Liewen riskéiert?

Natierlech hat hien Angscht, mee doriwwer huet en ni geschwat. Hien hat déi grouss Chance, dass en sou just nach kéng 18 Joer hat, soss wier en direkt ëmbruecht ginn. Esou ass et villen aneren ergaangen, déi sech um Streik bedeelegt haten. Ech mengen, deen Moment wou en virum Eecher Spidol stoung huet en net souwäit geduecht, wat d’Konsequenze kéinten sinn. D’Leit soen haut oft, wisou sinn d’Leit, déi zwangsrekrutéiert Jongen, deemools net einfach fortgelaf oder hunn sech verstoppt. Dat war net sou einfach wéi mir dat haut gesinn, well wann een Bouf aus enger Famill fortgelaf ass an sech verstoppt huet, dann ass direkt seng ganz Famill ënnert Generalverdacht gestallt ginn. D’Konsequenz dovunner war, dass eng ganz Partie Lëtzebuerger Famillen während dem zweeten Weltkrich emgesiedelt goufen. Soubal een sech géint den Regime gestalt huet war een net nëmmen selwer betraff mee ëmmer och déi direkt Famill.

Wat ass mat ärem Papp nom Streik geschitt? Wat huet hien do erlieft?

Déi ganz Aktioun vun mengem Papp ass opgeflunn, well vis-à-vis vun der Eecher Klinik den Sëtz vun der “Volksdeutschen Bewegung” (VdB) war. Hinnen war mengem Papp seng Aktioun natierlech direkt opgefall. Den 1. September 1942, wéi méin Papp op d’Aarbecht koum, hunn d’ Gestapo an Leit aus der Hitlerjugend schon’s op hien gewaart. En gouf mat an en Auto geholl an dunn ass en an d’Stad an d’Villa Pauly bruecht ginn. Hei huet en missen zwou Stonnen am Gang vun der Villa Pauly waarden bis en verhéiert gouf. Iwwerdeems hien do gewaart huet gouf en erniddregt an mësshandelt. No deenen zwou Stonnen angschtvollem waarden gouf en dunn endlech verhéiert. Dono goung et an de Gronn an den Prisong. Do gouf en véier Deeg an enger Bëtongszell vun 1,2 x 2,2 Meter agespaart, fir ze iessen krut en nëmmen Waasser an e Stéck Brout. Kuerz drop koum en op den Korridor an d’Zell 31. Hei am Grond war nieft mengem Papp och den Mathias Koener, den deemolegen Direkter vun ARBED-Schëffleng, deen sech och fir den Generalstreik agesat hat, agespaart.

De Mathias Koener (*15.11.1883) war vum 8.9.1942 – 25.9.1942 am Prisong Lëtzebuerg-Gronn, war dunn vum 28.1.1943 – 3.3.1943 zu Hintzert. Hien ass um Transport fir zeréck an de Prisong an de Gronn un de Folgen vun den onmënschlechen Mësshandlungen an Entbierungen den 8.3.1943 gestuerwen.

Vum “Standgericht” gouf mäin Papp zu “Jugenderziehungslager”, “Arbeitsdienst” an “Dienst in der Wehrmacht” veruerteelt. Wéinst sengem jonken Alter ass en zum Gléck dem Doudesuerteel entgaangen. Nom Prisong am Grond koum en dunn op Ruwer bei Tréier an en “Erziehungslager” (Stroflager). Am Oktober 1942 goung et dunn fir hien op Gotenhafen a Polen an den “Arbeitsdienst”. Kuerz dono, Januar 1943 ass et fir hien dunn weider an d’”Wehrmacht” gaangen. An der Kasär zu Stuttgart-Zuffenhausen krut en eng Grondausbildung an kuerz dono gouf en an Russland un d’Front geschéckt op Dolbino. Am August 1943 bei enger Schluecht ëm Bjelgorod huet hien an nach een Lëtzebuerger d’Geleeënheet genotzt an sinn bei d’Russen iwwergelaf. No engem Verhéier vun den Russen an iwwert en laangen beschwéierlechen Wee koum en dunn an d’Gefaangenelager No. 188 zu Tambow an Russland. Hei huet een duerch en glécklechen Zoufall konnten als Infirmier am Lazarett agesat ginn. Zu Tambow sinn iwwer 1.000 Lëtzebuerger am Lager passéiert. Eng Partie vun den Jongen huet et net gepackt nom Krich nees Heem ze kommen. Insgesamt 13 Lëtzebuerger sinn am Lazarett vun Tambow-Stadt un hirer Krankheet oder Verletzung gestuerwen, an der Zäit wou mäin Papp do war. Am Juni 1944 hat sech am Lager zu Tambow an am Lazarett zu Kirsanow d’Rumeur breet gemaach, dass d’Lëtzebuerger an d’Fransousen entlooss géingen ginn. Wou mäin Papp awer vun Kirsanow dunn am Lager zu Tambow ukomm war, do waren d’Fransousen fort, mee d’Lëtzebuerger nach ëmmer do. De 7.7.1944 si 1.500 Fransousen vun Tambow fortgaangen, si sinn an Algerien an dem General de Gaulle seng Arméi gestach ginn, fir si ass de Krich nees viru gaang. Ënner deene 1.500 waren och zwee Lëtzebuerger déi sech als Fransousen ausginn haten. Si goufen nach net entlooss, well vun der Lëtzebuerger Regierung nach kéng offiziell Demande virlouch. Des Noriicht huet villen Lëtzebuerger Jongen den Liewensmutt geholl an si sinn nëmmi an d’Heemecht zeréck komm. De 29.September 1945 war et dunn awer fir mäin Papp esouwäit. Hien ass mam lëschten groussen Transport vun Tambow-Rada de 5. November 1945 op der Stater Gar ukomm.

Wat sinn är Gedanken wann dir sou iwwert d’Liewen, d’Handlungen an d’Erliefnisser vun ärem Papp nodenkt?

Dann muss ech ëmmer drun denken, wei positiv mäin Papp denkt. Hien huet net drun geduecht wat geschéien kéint. Hien huet gemaach an ass no vir gaangen. Säit deem mäin Papp mat mir iwwert seng Erliefnesser vum Krich geschwat huet ass et fir mech eng Passioun ginn, mech mat dem Thema auserneen ze setzen. Dobäi muss ech soen, dass hien ganz, ganz laang net mat mir doriwwer geschwat huet. Ech denken och, dass et wichteg ass fir déi Leit, déi dat ganzt erlieft hunn, dass déi Geschicht weider gedroe gëtt an och un déi méi jonk Generatiounen weider vermëttelt gëtt. Ech sinn mat mengem Papp dowéinst och an Schoulen gaangen, wou hien seng Liewensgeschicht den Schüler erzielt huet. Hien huet domat och Geschichtsproffen ugereegt mat hiren Schüler méi am Detail iwwert d’Lëtzebuerger am Krich a besonnesch iwwer d’Zwangsrekrutéierung ze schwätzen. Bis 2015 ware mir an verschiddenen Schoulen ënnerwee, dorënner am Aline Mayrisch, zu Dikrech am Kolléisch a besonnesch am Lycée technique Emile Metz wou hien seng Léier gemaach hat. Do hunn ech mat mengem Papp regelméisseg Froeronnen an Schoulen besicht, wou Schüler him konnten Froen zu sengen Erliefnesser stellen. Sou eng Geschicht un Schüler an jonk Generatiounen weider ze ginn ass an mengen An ganz wichteg.

(Vum 19.Mai bis 26.Mai 2018, an der Päischtvakanz, organiséiert d’Amicale des Anciens de Tambow nees eng Rees op Tambow. Hei ka Jidderee matgoen den sech fir d’Regioun Tambow, a fir Moskau interesséiert. (Max 28 Persounen.) Informatiounen Vik Steichen, 54 48 71 oder viste@pt.lu)

Rang zwee a Sëlwer Medail fir den Eurofestivalteam Schëffleng

Déi 25te Editioun vum Eurofestival an der Vendée ass zu Enn (Deel 5)

D’Concourse Fotografie, Kachen, Stroossentheater ewéi och d’Culture performace an d’Molerei hunn de Grondstee geluet, datt Schëffleng beim Jubiläumstreffe vum Eurofestival déi zweete Plaz erräicht huet. An der Fotografie huet de Romain Thorn mat sengen zwou Fotoe gewonnen, d’Kachequipe huet mat der Feierstengszalot, zerwéiert mat gebootschte Gromperen och iwwerzeegt a huet sech déi zweete Plat erkacht. Op déi éierevoll véierte Plaz huet eis Stroossentheaterequipe sech placéiert, an och bei Presentatioun vum Musical Melusina huet d’Museksband ronderëm den Eric Gherardi sech op déi véierte Plaz klasséiert. D’Bild vum Vivian Briscolini gemoolt, huet aacht Punkte kritt an domatter Plaz sechs geséchert.

Zesumme mat de Punkten aus de Sportkompetitiounen (ze liesen an de véier Artikele vun der leschter Woch) ass dat mat 96 Punkten d’Plaz zwee ginn, hannert dem Gewënner Spuenien (98 Punkten) a viru Litauen. Merci sot de Lex Stammet, President, alle Leit a Participanten aus dem Eurofestivalteam Schëffleng, eng Delegatioun zesummegesat aus Schëfflenger Matbierger respektiv Memberen aus Schëfflenger Veräiner. Bei sengem leeschten Engagement als President beim Eurofestival ass d’Sëlwer Medail e flotte Cadeau d’adieu. De Schäffe Paul Weimerskirch sengersäits huet op der Plaz der Equipe ronderëm de Lex Stammet an der Sekretärin Josiane Dahm Merci gesot.Och dëst Joer wor de Festival nees e flotte Rendezvous vun de Kulturen aus Europa, a Schëffleng wor aktiv dobäi.

Per SMS hunn de Buergermeeschter Roland Schreiner (Gutt geschafft, all Respekt a Merci) an de Carlo Feiereisen (Super, Topleeschtung) der Delegatioun felicitéiert: Bleift nach ze soen, datt um leeschten Dag déi sou genannte Funny Games ofgehale gi sinn an datt Fest no den offizielle Merci-Riede mat engem faarwege Feierwierk bei Danz a Musek ofgeschloss ginn ass.

 

Europa lieft, Europa spillt Futtball an danzt

Schëffleng bei der 25te Editioun vum Eurofestival an der Vendée (Deel 4)

Et war knapp an d’Team Schëffleng hätt am Futtball eng Medail gewonnen. Als Gruppenzweeten stoung eis Equipe an der Véierelsfinall géint Irland a gewënnt no Eelefmeterschéissen, huet dunn awer leider an der Halleffinall géint Litauen verluer. Am Spill ëm déi drëtten Plaz hunn dunn d’Schotten gewonne. Eng éierevoll véierte Plaz deemno, an eng zefridden Equipe vu Schëffleng. Den Eurofestival steet och fir Folklormusék, ewéi all Joer huet déi spuenesch Delegatioun fir vill Stëmmung gesuergt. Gëschter Owend huet de Museksgrupp de Musical Melusina ënnert der Leedung vum Eric Gherardy virgestallt.

La Châtaigneraie ass eng léif kleng Uertschaft mat ville pittoresken Ecker a Charme. Eng Stadt, een Duerf eigentlech, wou déi ekonomesch Entwécklung sech als relativ duerstellt. De Buergermeeschter Nicolas Maupetit ass allerdéngs voller Hoffnung, datt et deemnächst nees biergop geet. Och den Eurofestival ass wichteg fir d’Regioun ronderëm La Châtaigneraie, sot hien am Gespréich mam Schäffe Paul Weimerskirch, deen den Eurofestivalteam Schëffleng begleet huet.

 

Europa lieft, Europa schwëmmt, spillt Fiederball a Lëtzebuerg kacht

Schëffleng bei der 25te Editioun vum Eurofestival an der Vendée (Deel 3)

Mat e bësse Chance a Schëffleng gewënnt den Tournoi am Badminton. An der Final huet sech eis Equipe missten dem Gastgeberland an Organisateur vun La Châtaigneraie geschloen ginn, awer wierklech knapp. Trotz allem ass déi zweete Plaz gefeiert ginn a nei Frëndschaften tëschent béiden Teams sinn entstanen. Och am Schwammen ass et besser gelaf (oder geschwommen) ewéi erwaart. Eis Equipe ass no bravorösen an ustrengenden Längten an den Top Ten klasséiert ginn.

Net nëmme Sportleches stoung um Programm. Eis Kachequipe war och am Asaz an huet Feierstengszalot mat Gromperen als kulinaresch Spezialitéit aus Lëtzebuerg offréiert. Et ass am Fräien gekacht ginn an d’Leit aus der Uertschaft konnten nokucken, sech informéieren a natierlech och schmaachen. E grousse Undrang huet gewisen, datt eis Kachequipe eng fein Zalot preparéiert huet.

Den Eurofestival ass jo vrun allem den Austausch vun de Kulturen aus verschiddenen Länner. Dat geschitt während dësen Deeg op vill Manéieren. Europa lieft, Europa ass eenzegaarteg. Dëse Festival steet am Zeeche vum Mateneen, wou nei Brécke geschloe ginn, esou de Buergermeeschter Nicolas Maupetit. Bleift nach ze soen, datt gëschter Mëttwoch um fräien Dag d’Lëtzebuerger Delegatioun um Puy du Fou op Visite war, an e Meeting mat e.a. de Wikinger, de Mousquetaire de Richelieu an anere Gesellen aus der Geschicht hat! Impressionnant och de Ballet des Oiseaux.

Piraten an der Stein-Schoul zu Schëffleng

Et war dëst Joer schon fir d’fënneft, dat den 12. an 13. Juli 2017 an der Nelly-Stein-Schoul e Musical opgefouert gouf.

Dëst Joer krut de begeeschterten Public en Abléck an « Dat geheimt Liewen vun de Piraten ».

An dësem Stéck vum Andreas Schmittberger hunn ronn 100 Schüler aus den Zyklen 1 bis 4 gedanzt, virgespillt a gesongen, wéi aus enger grujeleger Trupp Piraten eng musékbegeeschtert Boy-Band gouf. Richteg: eng BOY-Band, well ouni Baart huet een net dierfen matmaachen… ausser natierlech der Prinzessin Filomena an hirer Gouvernante Donna Dolores, ouni déi eis Piraten zimlech schlecht drun gewiescht wären!

Fir di musikalesch Begleedung hunn, wéi all Joers, di Dozen Muséker aus dem Stein-Schoul-Live-Orchester ënnert der Leedung vum Marc Treinen gesuergt.

Di flott Dekoren waren vun den Léierinnen Natascha Lang an Jill Nürenberg, déi dobäi vun enger Rutsch Schüler gehollef kruten.

Regie gefouert hunn Claudine Treinen-Dahm an David Lauer. Ënnerstëtzt goufen si vun der ganzer Equipe aus der Stein-Schoul.

Um Enn huet den Publikum, ënnert hinnen d’Elterevertrieder aus der Stein-Schoul, den Schoulschäffen Paul Weimerskirch an den Schoulinspekter Marc Bodson, net mat Applaus geknéckt, sou dat et och nach eng Zugab gouf!

 

Europa lieft, Europa spillt Basket a Pétanque

Schëffleng bei der 25te Editioun vum Eurofestival an der Vendée (Deel 2)

Et ass fir déi Schëfflenger Delegatioun net zu de gewinnte Succès am Basket a bei Pétanque komm. Gewënner an den zwou Kompetitioune ware jeeweils d’Fraen a Männer aus Radviliskis a Litauen, do wou dat nächst Joer den Eurofestival ofgehale gëtt. Am Basket ass et no interessante Matcher a knappen Ausenanersetzungen déi véierte Plaz ginn. Gutt geschloen a mat Engagement gespillt, an awer ëmmer nees knapp verluer, ass eise Pétaboules-Team op Plaz aacht gelant. Eng éierevoll Plaz op alle Fall. Mat e bësse méi Gléck, wien weess …!

Am Asaz och eis Equipe beim Stroossentheater. Fräi nom Motto vum Eurofestival „Happiness“ ass eng Geschicht vun engem klénge Meedchen erzielt ginn, datt op der Sich no Gléck a Frëndschaft ass. Haut stinn d’Kompetitiounen am Schwammen an am Badminton um Programm. Eis Kachequipe offréiert haut Feierstengszalot mat Gromperen als kulinaresch Spezialitéit aus Lëtzebuerg.

Gratulation Ben Gastauer !

Drei Wochen hat sie gedauert und nun ist sie vorbei – die « Tour de France ». In diesem Jahr hatte Luxemburg das Glück ein Teil der „Grande Boucle“ zu sein. Für unsere Gemeinde Schifflingen war es eine ganz besondere Ehre, an der Durchfahrt durch Luxemburg beteiligt zu sein. Denn ein Einheimischer war mit von der Partie. Ben Gastauer hatte nicht nur das Glück an dem großen Radsportereignis teilnehmen zu dürfen, sondern er fuhr dieses Jahr auch noch durch seine Heimatstadt.

Es ist bereits das vierte Mal, dass Ben Gastauer an der „Tour de France“ teilgenommen hat und das mit reichlich Erfolg. Er strampelte sich beim diesjährigen Wettkampf auf Platz 37 des Gesamtklassements.

Die Gemeinde Schifflingen ist reichlich Stolz auf ihn und gratuliert ihm herzlichst zu diesem Erfolg. Wir drücken Ben Gastauer die Daumen, dass es in den nächsten Jahren bei der „Tour de France“ genauso gut läuft.

Europa lieft, Europa ass faarweg

Schëffleng bei der 25te Editioun vum Eurofestival an der Vendée

Ronn 50 Leit aus de Veräiner vu Schëffleng sinn e Samschden zu „la Châtaigneraie“ ukomm fir zesumme mat 13 aneren Lännerdelegatiounen den Eurofestival ze feieren. Dëse Meeting ass de Rendez-vous vu den europäesche Bierger a Kulturen. Um Programm sti sportlech Kompetitiounen an de kulturellen Austausch. Déi kléng Dierfer vum „Pays de la Châtaigneraie“ – alleguer mat Charme a pittoreske Gebaier – si prett fir während e puer Deeg den Zentrum vun Europa ze sinn.

Och déi Schëfflenger Delegatioun ënnert der Leedung vum President Lex Stammet a vun der Sekretärin Josiane Dahm, alle béid aus dem Eurofestivalteam Schëffleng, ass voll motivéiert fir un de Kompetitiounen Basketball, Pétanque, Football a Fiederball ze participéieren. Mat dobäi och eng Strëpp vun der Schëfflenger Musék, déi de Musical Melusina presentéiert an fir de Stroossentheater responsabel ass. Um Programm dann och nach de Fotoconcours, wou de Romain Thorn flott Biller fanne wäert an de Molconcours mat der Kënschtlerin Viviane Briscolini. Donieft gëtt och eng kulinaresch Spezialitéit aus Lëtzebuerg gekacht.

Gëschter waren d’Zeremonie d’Ouverture an der Kierch mat enger ökomenescher Feier, duerno d’Opening Parade mat dem Ëmfang am Eurovillage, wou sech alles ofspillt. Leider huet d’Wierder net bis zum Schluss matgespillt. Egal vun haut Méinden, dem 24 Juli bis e Freiden geet et lass. „Europa lieft, Europa ass faarweg. An d’Sonn, déi sech hannert de Wolleke verstoppt huet, ass an den Häerzer vun de ronn 500 Leit, déi sech an der Vendée afonnt hunn,“ esou déi verschidde Riedner bei der Erëffnungszeremonie. Nieft dem Gastgeber a Lëtzebuerg participéieren Arenda de Duero (aus Spuenien), Athlone (Irland), Dunnoon (Schottland), Bad Segeberg (Däitschland), Frederikssund (Dänemark), Zlocienec-Wierzchowo (Polen), Szentendre (Ungarn), Radviliskis (Litauen), Rezekné (Lettland) a Raseborg (Finnland).

Et gi sécherlech flott an interessant Deeg mat faarwegen a phantasievollen Spektakelen.

 

X