18.05.2017

Campagne « Ouni Pestiziden »

Vum 17. bis den 19. Mee 2017  fënnt an der Salle « Grand-Duc Jean » eng Ausstellung mam Titel

„Ouni Pestiziden“ statt. Des ganz interessant Ausstellung ass vum Schäfferot an der lokaler Emweltkommissioun organiséiert ginn. Am Kader vum Vernissage, huet d‘ Presidentin vun der Emweltkommissioun, Fabia Monte, ganz konkret op d’Gefore vum Asetze vu Pestiziden higewisen. Pestiziden sinn net nëmme gëfteg fir Déiere mä och fir d’Mënschheet.

„D’Leit mussen zu engem Ëmdenke kommen“ sou de Buergermeeschter Roland Schreiner a senger Ried. Duerch d’Asetze vu Pestiziden si ganz vill Déierenaarten a Gefor gerode fir auszestierwen a wann Déierewelt ausstierft ass de Mënsch och bedot.

Nom Vernissage hunn den Här Nils Leches an d’Madame Marianne Kollmesch, Mataarbechter bei der „Emweltberodung Lëtzebuerg“ e Virtrag iwwert d’Schaffen am Gaart ouni Pestiziden gehalen a praktesch Tippe gi wéi am Gaart ouni de Gebrauch vu Pestiziden ka geschafft ginn.

Wieder nëtzlech Rotschléi zu dësem aktuellen Thema fann Dir och op der Internetsäit www.ounipestiziden.lu