14.06.2018

Beréngung vu Storchen

De Wäisse Storch britt säit 2013 zu Lëtzebuerg um Gebitt vum Dumontshaff – Lameschermillen. D’Renaturéierung vun der Uelzecht huet et méiglech gemaach, dass des charismatesch Vullenaart sech vum selwen hei ugesidelt huet. Di Jonk ginn all Joers vun de Mataarbechter vun der Centrale Ornithologique vu Natur&Ëmwelt beréngt, fir spéiderhin individuell kënnen ze erkennen. De Männche vun der aktueller Bruttkoppel gouf iwwregens als jonke Storch 2012 op engen Nascht bei Stuttgart beréngt; hien ass säit 2014 de Revéierstorch um Dumontshaff.