Share this...
Share on Facebook
Facebook

14/03/2020 + 28/03/2020 vun 9.00 bis 12.30 Auer

2020 organiséiert d’Gemeng an Zesummenaarbecht mat der Initiativ Liewensufank Babysitter-Couren. D’Formatioun besteet aus engem pedagogeschen Deel an engem Deel wou et ëm d’Hygiène an d’éischt Hëllef beim Kand geet.

Nodeems du d’Formatioun erfollegräich ofgeschloss hues, kriss du en Certificat mat deem s du dech op www.babysitting.lu kanns aschreiwen.

D’Umeldung ass definitif, wann s du d’Suen iwwerwisen hues. No denger Aschreiwung schécke mir dir eng Rechnung.

Zilgrupp: 15-30 Joer

Aschreiwung bis den 22.02.2020.

X