17.05.2017

Aweihung vum neien Kräiderguart

Et war am Joer 1998 wou hei zu Schëffleng fir d ‘alleréischt eng Planzaktioun realiséiert gouf: mat Hëllef vun den Elteren vun eise Neigebuerenen goufen Uebstbeem geplanzt.

No e puer Joer ass eis d ‘Plaz heifir ausgaangen an dunn hu mer di Terrassen, ugeluecht, wou mer Uebststräicher geplanzt hunn.

Schliesslech hu mer am Joer 2004 dermat ugefangen e Kräiderguart unzeleeën.

Mär wollten mat  dësen  Aktiounen hei, an direkter Noperschaft zum Naturschutzgebidder e schéine Kader fir eis Matbierger schafen.

Am Laf vun de Joer – dat musse mer éierlech zouginn – ass dëse Kräiderguart allerdings ëmmer méi verwëldert.

Nodeems mer eis eens wuaren, datt hei eppes misst geschéien hu mer eis un di Responsabel vum SICONA gewand a mär sinn eis eens ginn, datt si als d’Spezialisten an d’Leit vum Terrain, dësen interessanten a flotte Site fir eis a Stand sëtzen.

Well dës flott Initiativen jo awer och all eppes kaschten, huet de Gemengerot am Dezember 2016 en Devis vun 78.000.- EUR guttgeheescht fir de Réaménagement vun eisem Kräiderguart. Dësen Devis gesäit och den Entretien vum éischter Joer vir.

Mär notzen awer och d ‘Geleeënheet fir ze ënnersträichen datt eis Gemeng nach aner Projeten an Zesummenhang mat enger Verbesserung vun der Biodiversitéit an der Pipeline huet, déi och budgétär ofgeséchert sinn, wéi ënner anerem en Urban Gardening an der cité op Hudelen, d‘Opstelle vun sougenanten Insektenhoteler, d‘Planzen vun Kräider a Uebst matten am Duerfkär oder d‘Renaturéierung vun der Kiemelbach.

Mär hoffen dass all eis Beméihungen och op Interessi bei eisen Awunner stoussen.