28.01.2020

Assermentation de Jérôme Courtoy

Aus dem Schëfflenger Gemengerot koum Enn dës Joers d’Noricht, datt et fir d’Juliette Caputo-Johanns aus der LSAP un der Zäit wier fir hir Roll als Member vum Conseil communal zu Schëffleng ofzeginn – dëst mat Effet op den 1. Januar 2020.

Hiren Nofollger am Gemengerot gëtt de Jérôme Courtoy, deen offiziell d’lescht Woch, de 24. Januar 2020 vereedegt ginn ass. Bei dëser Zeremonie huet hie virum Schäfferot, sengen Elteren an enger Rei vu senge Parteikolleege säin Eed ofgeluecht.

 

Mir hunn deenen zwou engagéierte Persoune bei dëser Geleeënheet e puer Froe gestallt ier si hir jeeweileg nei Reesen ugetruede sinn.

 

  • Juliette, wéi laang waart Dir am Gemengerot zu Schëffleng a wat huet dat fir Iech bedeit?

 

Wärend 7 Joer hunn ech als Conseillère ganz vill Leit kennegeléiert an hu gesinn, dass d’Aarbecht an engem Gemengerot net nëmmen als „dobäi sinn“ ka bezeechent ginn. Mäin Dada war de Bénévolat. Ech hu mech gäre fir d’Veräiner an d’Associatiounen agesat an hunn doduerch och privat Frënn fonnt.

 

  • Wat steet elo an Ärer „Pensioun“ un?

 

Meng Pensioun ass verplangt mat Reesen, menger Famill, mengem Mupp an natierlech mengem séissen Enkelchen, deen ech dacks däerf versuergen. Ech freeë mech schonn drop!

 

 

  • Jérôme, wat ass Äre schouleschen a berufflechen Hannergrond?

Mäi Masterofschloss an „European Contemporary History“ hunn ech op der Universitéit vu Lëtzebuerg an der Universität des Saarlandes ofgeschloss. Elo schaffen ech als Historiker a Museumspädagog am „Musée national de la Résistance“ zu Esch/Uelzecht.

 

  • Wat kënnt Dir eis zu Ärem neie Posten am Gemengerot soen?

Dat neit Amt bedeit fir mech virun allem eng grouss Erausfuerderung a Responsabilitéit. Ech wëll mat verantwortlech sinn fir déi sozio-kulturell, politesch an demographesch Entwécklung vun eiser Gemeng.

Konkret asetze wäert ech mech ë.a. fir den Erhalt an d‘Fërderung vum Benevolat als wichteg interkulturell Stëtz vum Gemengeliewen an och fir déi kulturell an touristesch Entwécklung vun eiser Gemeng, sief dëst duerch d‘Etabléiere vun enger moderner Archivkultur, de Bau vun engem Centre Culturel mat integréiertem Schmelzaarbechtermusée, asw.

 

 

Mir soen dem Juliette e grousse MERCI fir déi vill Joeren, déi si mat hirer léiwer Aart a Weis am Déngscht vun de Schëfflenger Bierger geleescht huet. Dem Jérôme wënsche mir dann natierlech ganz vill Freed a Fangerspëtzegefill a senger neier Roll als Gemengeconseiller zu Schëffleng.