03.06.2018

Arrivée vum Skoda Tour de Luxembourg

Den 1. Juni ass déi zweet Etapp vum « Skoda Tour de Luxembourg » deen vun Rouspert op Schëffleng véiert.

Den Depart ass fir 13.00 Auer virgesinn éier no schwéieren 170,1 km d’Coureuren géint 16.42 Auer uewen beim CA-Terrain nees ukommen.

Mär wäre frou wann vill Supporteren sech am Kierfechwee géifen afanne fir d’Cyclisten op hiren leschten Meteren ze encouragéieren an unzefeieren.

Mär hoffen op eng flott Etapp an e spannenden Finish.

Am Anhang fann dir de Verlaf vun der kompletter Etappe mat all den Detailer.

Etape_2_Passage

Wärend dem ganzen Dag wäert et demno och zu verschidden Verkéiersaschränkungen kommen, dofir biede mär Iech folgend Verkéiersreglement ze befollegen. Fir weider Froen steet d’Mme Nicky Kayser Iech gären zur Verfügung (54 50 61-407)

MERCI fir d’Verständnis

Skoda Tour de Luxembourg règlement circulation 2018

Weider Fotoen vun der Arrivée fannt Dir hei.