Share this...
Share on Facebook
Facebook

Bekanntlech organiséiert d’Gemeng Schëffleng zesumme mat der „Association  Don de Moelle Luxembourg“ eng Aktioun fir Stammzellespender ze fannen. No der ganz grousser Resonanz an alle Medie si mär iwwerzeegt, datt ganz vill Leit dëse Samschden, den 8. Februar tëschent 09.00 an 13.00 Auer de Wee op Schëffleng fanne fir sech registréieren ze loossen an och direkt eng Bluttprouf ofzeginn.

Dofir maache mär een dréngenden Opruff, datt d’Leit wa méiglech den ëffentlechen Transport sollen benotzen. D’Gemeng läit ganz zentral an ass mat Bus an Zuch gutt erreechbar.

Fir all déi  Leit, wou d’Méiglechkeet net hunn op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen, organiséiert d’Gemengeverwaltung eng gratis Busnavette, déi ab 08.30 Auer tëschent dem Parking vum Hall Polyvalent an der Gemeng zirkuléiert. Mär wäre frou, wann d’Leit esouvill ewéi méiglech vun dëser Offer profitéieren géife.

Mär soen Iech all elo schonns e grousse MERCI fir Är Hëllef an Ënnerstëtzung.

X