Share this...
Share on Facebook
Facebook

Den Här Jean-Pierre Junius ass den 28. Januar 1925 zu Diddeleng op d’Welt komm a lieft säit 1959 zu Schëffleng. Den Här Junius  ass e bekannte lëtzebuergesche Moler, op dee Schëffleng ganz houfreg ass.

Hien huet 1945 säin Ofschloss als Schoulmeeschter gemaach. 1946 huet hien zu Paräis Konscht studéiert. Direkt duerno huet hien ugefaangen als Schoulmeeschter ze schaffen, fir d’éischt zu Wolz a vun 1955 un zu Schëffleng.

Den Här Junius ass 1949 zu Mamer mam Yvonne Decker bestuet ginn.  Déi Zwee hunn zwee Kanner kritt, d’Coryse an de Gilles. Zesummen hunn den Här an d’Madamm Junius 4 Enkelkanner an 2 Urenkelen.

2012 ass d’Madamm Yvonne Junuis leider verstuerwen. Den Här Junuis lieft haut an der Maison de soins „Am Schmëttbesch“ zu Schëffleng a seng Kanner an Enkelkanner kommen hie ganz dacks dohinner besichen.

Am leschte Joer huet den Här Junius am „Schëfflenger Konschthaus“ eng grouss Ausstellung gehat a war selwer op de Vernissage komm, wou mir hien all gefeiert hunn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch, d’Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit, d’Vertrieder vun der Seniorekommissioun a vum Syndicat d’Initiative hunn dem Här Junius di allerbeschte Gléckwënsch vun der Gemeng iwwerbruecht.

 

X