11.04.2019

90 Käerzen fir den Här Raymond Marschal

No enger flotter Gebuertsdagsfeier mat der ganzer Famill, huet de Raymond Marschal nach eng zweete Kéier zesummen mat senger Fra Mariette a senge Meedercher Josiane a Karin op säin 90sten Gebuertsdag ugestouss. Des Kéier waren dann och de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit, wéi och d’Vertrieder vun der Seniorekommissioun an dem Syndicat d’Initiative als offiziell Representanten vun der Gemeng dobäi an hunn him di allerbescht Gléckwënsch entgéint bruet.

Gebuer gouf den Här Marschal den 7. Abrëll 1929 zu Schëffleng, wou hien och haut zesummen a glécklech mat senger Fra lieft. Si hunn sech scho den 13. Januar 1956 zu Esch bestuet.

D’Gebuertsdagskand huet niewend sengen 3 Meedercher Josiane, Monique a Karin, nach 3 Enkelkanner de Sven, den Tim an d’Véronique an ass ganz besonnesch houfreg op seng 2 Urenkelen Moritz an Anni.

Mär wënschen dem Här Marschal nëmmen dat Bescht an hoffen datt hien bei gudder Gesondheet nach vill Joren am Krees vun senger Famill kann verbréngen.