09.04.2019

90 Joer feiert een net all Dag!

Den Här Fernand Weiland krut den 8. Abrëll dichteg 90 Joer!

Seng Famill huet sech dës Geleeënheet net huele gelooss fir dat op deem selwechten Dag ze feieren – an zwar zesumme mat Kolleegen, der Seniorekommissioun, dem Syndicat d’Initiative an dem Schäfferot vun der Gemeng Schëffleng am Fleegeheem « Am Schmëttbësch ».

Bestuet gouf den Här Weiland mat der Mme Marie Baltes den 30. Mee 1958 zu Schëffleng. Si kruten zwee Jongen, de Carlo an de Camille. Hir Enkelkanner de Manuel an d’Lisa kënne sech freeën, datt hire Bopa (och e grousse Fussballsfrënd) déi grouss Chance huet, no engem mouvementéierte Liewen, all seng léifste Leit ronderëm sech ze hunn.

Him a senger Famill gi mir op dësem Wee nach eemol déi beschte Wënsch fir d’Zukunft mat!