11.03.2019

90 Joer – e flotte Grond fir ze feieren

E Freiden, den 8. Mäerz 2019 hat d’Madame Marie Erbs-Kemp e schéine Grond ze feieren.

Zesumme mat hire Kanner, Kandskanner an deem klengen Urenkel Robin konnt si bei beschter Gesondheet op hiren 90ste Gebuertsdag ustoussen.

D’Madame Erbs gouf den 8. Mäerz 1929 zu Téiteng gebuer an den 29.05.1950 zu Kayl mam Arthur Erbs bestuet. Zwee Kanner, de Raymond an d‘Christiane hunn hiert Gléck ofgeronnt.

Och nodeems 2009 hire Mann si leider fir ëmmer verlooss huet, wunnt di rüsteg Jubilarin nach ëmmer an hirem Haus an hält hire Stoot perfekt an der Rei.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch, de Schäffen Albert Kalmes, d’Vertrieder vun der Seniorekommissioun a vum Syndicat d’Initiative hunn der Madame Erbs di allerbeschte Gléckwënsch vun der Gemeng iwwerbruet.