Monthly Archives: mai 2020

30. Abrëll 2020 – traditionell 1. Mee-Virfeier

Dëst Joer war déi traditionell 1. Mee-Virfeier e bëssi anescht wei déi Jore virdrun! Et konnten sech wéinst der Corona-Kris net vill Leit virum Denkmal vun de Schmelzaarbechter afannen. A senger Ried ass den Alain Guenther, Präsident vun der Amicale Schmelzaarbechter op déi  aussergewéinlech Situatioun agaange, huet drun erënnert, dass och Aarbechter a schwéieren Zäiten hunn missen duerhalen, sech missen een op deen anere verloosse kennen.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet a senger Usproch all Schmelzaarbechter geéiert, si déi um Ufank vun eisem ekonomesche Wuelstand stoungen. Duerch déi sanitär Kris déi eis Alldagsgewunnechte geännert hunn, keime mir och zum Nodenken iwwer eis Gesellschaft, iwwer dat, wat eis verbënnt, iwwer dat, wat eis eent, iwwer dat, wat verbessert a nei orientéiert muss ginn, fir méi Gerechtegkeet, méi Fridden a méi Liewensqualitéit ze erméiglechen, reflektéiert weiderhin de Buergermeeschter.

Hei déi komplett Riede vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch a vum President vun de Schmelzaarbechter Alain Guenther: