20 Joer am Déngscht vun der Allgemengheet

De 27. Februar hat de Schäfferot op déi traditionelle „Auereverdeelung“ invitéiert wou all déi Leit geéiert gi sinn di schonn 20 Joer am Déngscht vun der Gemeng stinn.

Wärend enger klenger Feier an der „Salle Grand-Duc Jean“ am Gemengenhaus hat de Buergermeeschter a Presenz vun de Schäffen an de Membere vum Gemengerot di grouss Freed 11 Leit aus dem Gemengenatelier a 6 Leit vum Léierpersonal ze éieren.

Folgend Leit konnten hir „Gëllen Auer“ an Empfang huelen:

 

Nathalie Pauly; Sandra Valeriani; Romain Bertrang; Jean-Luc Bocci; Alain Dax; Christian Halsdorf; Czeslaw Kosalka; David Ongaro; François Reichel; Carlo Schenten; Marco Schneider

Katja Brunelli; Tina Giannessi; Damien Hever; Carole Materazzi;  Laureen Scheiwen; Ivan Schievenin

                                           

100 Joer fir den Här Raymond Gille

De 25. Februar 2020 war dem Här Raymond Gille säi groussen Dag. Op dësem Dag huet hien säin 100sten Gebuertsdag gefeiert.

D’Familljeministesch Madame Corinne Cahen, de Buergermeeschter Paul Weimerskirch, d’Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit, d’Vertrieder vun der Seniorekommissioun a vum Syndicat d’Initiative hunn dem Jubilar déi allerbeschte Gléckwënsch entgéintbruet.

Madame Cahen hat déi grouss Éier dem Här Gille am Numm vum Grand-Duc den “Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg” ze iwwerreechen.

Gebuer gouf den Här Gille de 25. Februar 1920 zu Warcg (Frankreich). Wei hien 10 Joer hat ass hien mat senger Famille op Lëtzebuerg méi genau op Zolwer geplënnert. Am 2ten Weltkrich huet hie Lëtzebuerg leider musse verloossen an huet sech am Frankräich béi de Maquis’en bei engem Bauer verstoppt. Nom Krich ass hien nees op Lëtzebuerg zeréckkomm an huet zu Bieles op der Schmelz geschafft.

Säin Hobby war ëmmer d’Musek an esou war hien och an der Zolwer Musek als Trompettist aktiv.

Mat senger Fra, dem Marie Thill, huet hien sech 1951 zu Pëtscht bestuet an zesumme sinn si déi stolz Eltere vun zwee Bouwen an enger Duechter.

Am Numm vun all de Schëfflenger Leit, wënsche mär dem Här Gille, zesumme mat senger Madame a senger ganzer Famill nach ganz vill schéi Jore bei beschter Gesondheet.

Cavalcade – Règlement de la circulation

Le 1 mars 2020 aura lieu la cavalcade à Schifflange.

Comme cette manifestation a une grande envergure sur la circulation, nous vous prions de consulter et de respecter le règlement de la circulation à caractère temporaire annexé.

Merci d’avance pour votre compréhension.

 

thumbnail of Cavalcade 2020

D’ailleurs, nous vous recommandons d’utiliser le transport public GRATUIT!

Generalversammlung vun « Schëffleng Hëlleft »

De 26. Februar hat d’Associatioun « Schëffleng Hëlleft asbl“ op hir uerdentlech Generalversammlung invitéiert.

Nodeems de Präsident, Paul Weimerskirch, Begréissung gemaach hat ass d’Sekretärin, Jessica Scala, op den Tätegkeetsbericht fir d’Zäit tëschent dem  Mee 2019 bis Januar 2020 agaangen.

Hei e puer Eckpunkten aus dem Bericht:

  • Et hunn fënnef Comitéssëtzunge stattfonnt
  • Schëffleng Hëlleft hat e Spendenopruff gemaach fir d‘Affer vum Tornado zu Péiteng/Käerjeng ze ënnerstëtzen
  • Participatioun un der „Fête des cultures“
  • Grille beim Cactus
  • Machen d’Oweskeess wann d’Gemeng e Konzert organiséiert
  • D’Associatioun „CARE“ an d’Fondatioun „Cancer“ konnten sech iwwert eng finanziell Ënnerstëtzung freeën

Ofschléissend vun hirem Bericht huet d’Jessica Scala e grousse MERCI un all d’Memberen, Donateuren a Benevoller geriicht ouni di dëst alles net méiglech wär.

Fir de Keesebericht war d’Heike Donkols zoustänneg a konnt eng gesond Finanzsituatioun präsentéieren. Di zwee Keeserevisore Marc Bimmermann a John Schlentz hunn der Mme Donkols dann och  eng korrekt Keesefeierung confirméiert.

Zum Schluss vun der Sitzung sinn och dëst Joer nees zwee Schecken vun all Kéier 15.000 Euro iwwerreecht gi. Deen éischte war fir d’Fondatioun „Wonschstär“ an den zweeten fir „La Main Tendue Asbl Angela“.  Detailléiert Informatioune fann dir op hire jeeweilege Siten www.wonschtstaer.lu  an www.lamaintendue.lu

Preisüberreichung

Während der Seniorenfeier im Dezember 2019 wurden alle anwesenden Senioren motiviert einen Fragebogen über Ihr allgemeines Wohlbefinden in unserer Gemeinde auszufüllen und gegebenenfalls Verbesserungsvorschläge zu machen.  Jeder ausgefüllte Fragebogen nahm an einer Tombola teil.

Während einer Sitzung der Seniorenkommission wurden drei glückliche Gewinner von zwei unabhängigen Personen ermittelt.  Der erste Preis, ein Einkaufsgutschein im Wert von 100€ entfiel auf die Losnummer 25 und Frau Disiviscour-Georg Marie war die glückliche Gewinnerin. Frau Génie Frisch-Reuland konnte mit der Losnummer 293 als Gewinnerin des dritten Preises ermittelt werden und kann sich über einen Gutschein von 50€ freuen. Der Gewinner des zweiten Preises, einen Einkaufsgutschein im Wert von 75€ hat sich bis dato noch nicht gemeldet. Der oder die Gewinner/in mit der Losnummer 202 kann sich jederzeit bei der Gemeinde im „Service des citoyens et de la communication“ melden.

Am 25. Februar fand während einer kleinen Feier in Anwesenheit von Bürgermeister Paul Weimerskirch, dem Schöffen Marc Spautz und allen Kommissionsmitgliedern die Preisüberreichung statt.

 

   

Esch2022

Esch/Uelzecht ass 2022 Kulturhaaptstad. Ënnert dem Thema « Remix » soll sech Esch2022 presentéieren. Den 20.02.2020 ass den offiziellen Lancement vun Esch2022. Demno gëtt 2022 während engem Joer all Mount eng Gemeng aus dem Süden an de Virdergrond gesat. A genau 2 Joer geet et lass a Schëffleng ass dobäi!   

Mir sinn houfreg, datt mir haut eis Fändelen opgehangen hunn.

Méi Infoen: www.esch2022.lu

 

 

SASCHA THOME – Ausstellung: H2O – FE

Der 46-jährige Künstler Sascha Thomé aus Kayl widmete sich schon seit seiner Kindheit der Kunst. Im Laufe der Jahre belegte er mehrere Kunstkurse. Seine Vorliebe gilt hauptsächlich der Aquarellmalerei. Seine künstlerischen Arbeiten gehen jedoch weit über die Aquarellmalerei hinaus. Mit Stift und Block ausgestattet ist der Künstler oft in der Urban Sketcher Szene unterwegs. Des Weiteren gestaltet er Skulpturen aus Alteisen.

Seine Aquarellbilder und Skulpturen werden vom 25. bis 29. März 2020 im „Schëfflenger Konschthaus“ ausgestellt. Besuchen kann man die Ausstellung von donnerstags bis sonntags zwischen 15:00 und 19:00 Uhr.

                                                                                          

BABYSITTING – Lëtzebuergesch Formatioun

14/03/2020 + 28/03/2020 vun 9.00 bis 12.30 Auer

2020 organiséiert d’Gemeng an Zesummenaarbecht mat der Initiativ Liewensufank Babysitter-Couren. D’Formatioun besteet aus engem pedagogeschen Deel an engem Deel wou et ëm d’Hygiène an d’éischt Hëllef beim Kand geet.

Nodeems du d’Formatioun erfollegräich ofgeschloss hues, kriss du en Certificat mat deem s du dech op www.babysitting.lu kanns aschreiwen.

D’Umeldung ass definitif, wann s du d’Suen iwwerwisen hues. No denger Aschreiwung schécke mir dir eng Rechnung.

Zilgrupp: 15-30 Joer

Aschreiwung bis den 22.02.2020.

X