Groussen Télévie Weekend

D’Gemeng Schëffleng ass houfreg dëst Joer ee vun de fënnef Zenteren (Centres de Promesses) fir den Télévie ze sinn.

Vill Veräiner awer och Geschäfter, Privatleit a Schoulkanner hunn an deene leschte Méint genial Aktioune gestart fir Suen ze sammelen.

Mir invitéieren dofir jiddereen de 26. a 27. Abrëll op d’Plaz virun der Gemeng fir dee grousse Showdown vum Télévie.

Freides (26.04) ass um 18h45 d’Ouverture an direkt dräi ënnerschiddlech Concerte stëmmen iech an den Télévie Weekend an.

Samschdes (27.04) fänke mir mat RTL Telé fréi mueres un. Um 7h45 ass schonn déi éischt vu ville Scheckiwwerreechungen an esou geet et de ganzen Dag iwwer weider: Lëtzebuerger Musekgruppe suerge fir eng gutt Stëmmung an an engem kulinareschen Duerf kënnt Dir Iech verwinne loossen. Déi verschiddenst Aktivitéite ginn ugebueden: Sport, Zauberei, Virféierungen, Ablécker an Autoen, Départen an Arrivéeën, Spiller a Baler – et gëtt sécher kengem langweileg.

Kommt bei eis an ënnerstëtzt esou d’Lutte géint de Kriibs! Zesumme fir den Télévie!

An dëser Brochure fannt Dir all néideg Informatiounen!

 

thumbnail of Brochure Télévie version finale

Remise d’un chèque rouge

Vum 1. Abrëll bis de 27. Abrëll 2019 kritt Dir rout Ouschtereeër an all de chinesesche Restauranten zu Schëffleng offréiert, dat ganzt verpaakt an enger ökologescher Tut, mat der Erklärung wéi eng Bedeitung « rout Eeër » an der chinesescher Kultur hunn: si symboliséieren en neien Ufank a gi virun allem bei der Feier vun engem Neigebuerenen zerwéiert.

D’Alliance des Chinois (https://zhongguolux.wordpress.com) huet dës Eeër un d’Restaurante verkaf an den Erléiss vun dëser Aktioun gouf integral un den Télévie gespent.

D’Scheckiwwerreechung vu ganzer 888,88 Euro war de 15. Abrëll 2019 am Salle Grand-Duc Jean zu Schëffleng an der Gemeng. De Comité vum Télévie seet der « Alliance des Chinois – Schifflange » e ganz grousse Merci fir hir super Iddi an hiren Engagement.

 

Brevet Sportif National 2019

Nous avons le plaisir de vous présenter la nouvelle brochure au sujet de l’édition 2019 du Brevet Sportif National.

Cette publication sert à informer la population sur les modalités d’organisation, d’inscription et d’évaluation des épreuves en vue de l’obtention du Brevet Sportif National.

Voici la brochure, bonne lecture!

 

thumbnail of Brochure_BSN_VF

 

Inscription:

Pour participer aux épreuves du brevet sportif national organisées par la commission du brevet sportif national, le candidat doit s’inscrire via une fiche d’inscription à renvoyer, dûment remplie, pour le 30 avril 2019 au plus tard. Le formulaire peut être téléchargé sur www.sports.lu ou peut être demandé auprès du secrétariat SPOLO 247-83416/83418 spolo@sp.etat.lu.

 

Car Wash – LGS

D’Schëfflenger Guiden a Scouten Grupp Abbé Poncin offréieren den 22. Abrëll (Ouschterméinden) beim Scouts Home Saint Martin (18, rue de la Forêt) e « Car Wash ».

Hei kënnt Dir Ären Auto vu moies 09:00 – 13:00 Auer a vu 14:00 – 18:00 Auer fir 20 Euro wäsche loossen an Iech bei Kaffi a Kuch d’Zäit verdreiwen.

Den Erléiss vun dëser Aktioun gëtt integral un Télévie gespent.

Méi Infoen

 

Workshop sur le jardinage urbain

Par la présente, nous avons l’honneur d’inviter à un workshop avec une spécialiste de l’asbl « Emweltberodung Lëtzebuerg », Madame Marianne Kollmesch sur les principes et astuces du jardinage urbain. Ce workshop, organisé en collaboration avec notre commission de l’environnement aura lieu le samedi, 4 mai 2019 à 10.00 heures à la cité « op Hudelen » et portera sur les thèmes suivants :

 

      • Comment organiser mon potager ?
      • Combien de place pour quel légume ?
      • Timing du semencement ?
      • Quels épices dans un potager ?
      • Quels épices peuvent être cultivés en coupe sur mon balcon?
      • Comment stocker mes légumes?

 

Pour des raisons d’organisation, nous prions les intéressés de s’inscrire au 26 53 47-336 ou sous marc.bimmermann@schifflange.lu.

De même, les participants ont la possibilité de formuler leurs questions AU PREALABLE à la même adresse email.

90 Käerzen fir den Här Raymond Marschal

No enger flotter Gebuertsdagsfeier mat der ganzer Famill, huet de Raymond Marschal nach eng zweete Kéier zesummen mat senger Fra Mariette a senge Meedercher Josiane a Karin op säin 90sten Gebuertsdag ugestouss. Des Kéier waren dann och de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit, wéi och d’Vertrieder vun der Seniorekommissioun an dem Syndicat d’Initiative als offiziell Representanten vun der Gemeng dobäi an hunn him di allerbescht Gléckwënsch entgéint bruet.

Gebuer gouf den Här Marschal den 7. Abrëll 1929 zu Schëffleng, wou hien och haut zesummen a glécklech mat senger Fra lieft. Si hunn sech scho den 13. Januar 1956 zu Esch bestuet.

D’Gebuertsdagskand huet niewend sengen 3 Meedercher Josiane, Monique a Karin, nach 3 Enkelkanner de Sven, den Tim an d’Véronique an ass ganz besonnesch houfreg op seng 2 Urenkelen Moritz an Anni.

Mär wënschen dem Här Marschal nëmmen dat Bescht an hoffen datt hien bei gudder Gesondheet nach vill Joren am Krees vun senger Famill kann verbréngen.

X