Monthly Archives: mars 2019

Remise d’un chèque fleuri

De 14. Mäerz 2019 hunn d’Bea an d’Edith vun « De Fleurs en Fleurs » vu Schëffleng dem Comité vum Télévie an och der Gemeng Schëffleng e grousse Cadeau iwwerreescht.

Si wollte mat enger riseger Corbeille a wonnerschéine Blumme MERCI soen, datt d’Gemeng Schëffleng hinnen de Weekend vum 23. op de 25. November 2018 d’Scheier fir hir Chrëschtdagausstellung zur Verfügung gestallt huet. Dat alleng geet awer net duer: de Blummebuttik mécht och en Don vun 2000 Euro un den Télévie Zenter vun der Gemeng.

E blummege Merci dofir!

  

Kichendicherverkaf

Bei der Fondatioun Kräizbierg gi Kichendicher gedréckt.

All Kand aus dem C1 vun der Lydie Schmit Schoul vu Schëffleng, moolt e Männchen an all dës Männercher ginn duerno op en Duch gedréckt.

An der Woch vum 01.04.2019 bis den 05.04.2019 ginn d’Kichendicher fir de Präis vun 10 € un d’Elteren an d’Enseignantë verkaf.

Den Erléiss vun dëser flotter Aktioun geet un den Télévie.

Schweesse fir de gudden Zweck

D’Personal vun der Piscine Sauna vu Schëffleng invitéieren Iech vum 13.03.2019 bis den 30.03.2019 op Kuch, Taart a Burek, déi Dir bei hinnen ze kafe kritt.

Nom Schweessen an der Sauna kënnt Dir Iech den Dessert gutt schmaache loossen.

Den Erléiss vun dëser Aktioun geet un den Télévie.

Dir kënnt awer och, pro Opgoss beim Saunagang, eng kleng Spent maachen, déi dann integral un den Télévie iwwerwise gëtt.

Myenergy at home

Ihr Haus nachhaltig dämmen und weniger heizen! Buchen Sie Ihre Grundberatung bei Ihnen zuhause.

Aktionswoche: 18. bis den 22. März. Mehr Infos unter myenergy.lu

Isoler durablement et chauffer sa maison ! Sur demande, un conseiller myenergy se rend à votre domicile.

Action myenergy at home: du 18 au 22 mars. Plus d’infos sur myenergy.lu

ESCH2022: Réunion d’information

Dans le cadre de la Capitale européenne de la Culture, le Collège des bourgmestre et échevins de la Commune de Schifflange souhaite inviter la population schifflangeoise à une réunion d’information, qui aura lieu en date du lundi, 18 mars 2019 à 20h15 en la salle Grand-Duc Jean à l’Hôtel de Ville.

Après le lancement officiel de l’appel à projet dans le cadre de la Capitale européenne de la Culture en date du 28 février 2019, le travail devra continuer dans les communes participantes.

Il va sans dire que la Commune de Schifflange voudra faire recours au soutien de ses nombreuses associations locales et de tout citoyen souhaitant soutenir ce projet d’envergure. Tout au long des années la population schifflangeoise a montré son engagement dans la vie culturelle, sportive et festive tout en augmentant considérablement le degré de convivialité au sein de la commune.

90 Joer – e flotte Grond fir ze feieren

E Freiden, den 8. Mäerz 2019 hat d’Madame Marie Erbs-Kemp e schéine Grond ze feieren.

Zesumme mat hire Kanner, Kandskanner an deem klengen Urenkel Robin konnt si bei beschter Gesondheet op hiren 90ste Gebuertsdag ustoussen.

D’Madame Erbs gouf den 8. Mäerz 1929 zu Téiteng gebuer an den 29.05.1950 zu Kayl mam Arthur Erbs bestuet. Zwee Kanner, de Raymond an d‘Christiane hunn hiert Gléck ofgeronnt.

Och nodeems 2009 hire Mann si leider fir ëmmer verlooss huet, wunnt di rüsteg Jubilarin nach ëmmer an hirem Haus an hält hire Stoot perfekt an der Rei.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch, de Schäffen Albert Kalmes, d’Vertrieder vun der Seniorekommissioun a vum Syndicat d’Initiative hunn der Madame Erbs di allerbeschte Gléckwënsch vun der Gemeng iwwerbruet.

Benefizmatch

De « Match amical entre les anciens joueurs de football, ayant joué lors de la fusion des deux clubs de football de Schifflange en 1995 » gëtt organiséiert vum FC SCHIFFLANGE 95, den 13. Abrëll 2019 um 17h um Terrain 2, rue du Parc L-3872 Schëffleng.

En Deel vum Erléiss vun der Organisatioun gëtt un Télévie gespent.

Méi Infoe fannt Dir hei!

Bëschcrèche mat Häerz

D’Personal vun der Schëfflenger Bëschcrèche, 38, rue du Parc L-3872 Schëffleng, invitéiert de 26.03.2019 vun 12:00 Auer bis 14:00 Auer, op hiert Zoppefest, um Kiosk am Bësch.
En Deel vum Erléis vum Fest geet un den Télévie.

Déi kleng Bëschzwergen hunn och, mat Hëllef vun deene grousse Bëschzwergen, Häerzer gebitzt an Zündien fir de Kamäin gemaach, déi si an der Bëschcrèche verkafen.
Den Erléis vun dëser Aktioun geet integral un den Télévie.

Repair Café Minett

Kuckt Iech dëse Flyer un an notéiert Iech op mannst 1 vun de 7 Repair Caféen, déi am Laf vum Joer am Minett stattfanne wäerten.

Ewechgeheien? Nimools!

Méi Infoen iwwert de « Centre for Ecological Learning Luxembourg » fannt Dir hei.

Grouss Kleedersammlung / Ramassage de vieux vêtements

Wéi all Joer organiséiert d’Asbl „Aide aux Enfants Handicapés du Grand-Duché“  urschtert ganz Land hir grouss Kleedersammlung.

Zu Schëffleng ass des Kollekt

Mëttwochs, den 13.03.2018 vun 08.00 Auer mueres un

All Zort vun Gezei gett gebraucht an all Kleeder ginn erëm verwäert

MERCI am viraus fir Är Hëllef

—————————————————————————————

Chaque année, l’asbl „Aide aux Enfants Handicapés du Grand-Duché“ organisera à travers tout le pays l’action

 « Ramassage de vieux vêtements »

Dans notre commune la collecte aura lieu

mercredi, le 13.03.2018 à partir de 08.00 heures

L’asbl a besoin des textiles de tous genres et tous les vêtements seront réutilisés

MERCI d’avance de votre aide