Monthly Archives: juillet 2018

Echangeur de Schifflange: mise en oeuvre de la couche de roulement

Veuillez trouver en annexe un communiqué de la part de l’Administration des ponts et chaussées concernant  la réorganisateur de l’échangeur de Schifflange.

SCHIFF-2018-07-13_15_TapisCôtéFoetz-Communiqué

Dans le même contexte nous vous informons de la fermeture exceptionnelle du SIVEC le samedi, 14 juillet 2018.

MERCI pour votre compréhension.

Schëffleng liewen. Schëffleng beweegen. Schëffleng verschéineren.

Villes leeft, villes ass a Beweegung an eiser Gemeng

D’Aarbechte fir de Masterplang lafen op vollen Touren! … Merci vun dëser Plaz, all deenen, déi sech an dëse Prozess ageschalt hunn. De Masterplang ass fir eis eng noutwendeg Basis fir eng méi harmonesch an nohalteg Entwécklung vun eiser Gemeng, fir ee qualitatiivt an héichwäertegt Ëmfeld, …. fir flott a lieweg Wunnquartieren, fir eng besser Mobilitéit, … fir eng gemeinsam Planung beim Bau vu schouleschen, sportlechen a kulturellen Infrastrukturen!

Dëst alles nom Prinzip: Schëffleng liewen. Schëffleng beweegen. Schëffleng verschéineren. Mir wëllen zesummen dofir suergen, dat jidder Eenzelen sech erëm fënnt a wuel fillt an eiser Gemeng. Een Defi, dee mir zesumme packen!

  • Aktiv fir Klimaschutz…

Schëffleng liewen, beweegen a verschéineren: Dat ass awer och eis schéin Natur! D’Naturschutzgebitt am Brill, eise Schëfflenger Bierg mam Bësch, den Areal ronderëm den Dumontshaff – Zonen, déi mir wëllen erhalen, déi fir eis wichteg sinn, déi fir Fauna a Flora, fir Mënsch an Déier noutwendeg Liewensraim si – dëst ass aktiven Natur an Ëmweltschutz.

Eis Gemeng ass virun e puer Joer zu Leipzig mam European Energy Award Gold ausgezeechent ginn. Dëst ass een Zeechen, datt eis Gemeng fläisseg a kompetent fir eis Ëmwelt schafft … – Energie spueren, zum Recycling motivéieren, spuersamen Ëmgang mam Drénkwaasser a vill aner Klimaschutzziler hu bei eis Prioritéit. Dat soll esou bleiwen, dat ass wichteg! Dat ass aktive Klimaschutz! An deemnächst kréie mir eng weider Auszeechnung – mir hunn nämlech de Climate Star gewonnen.

  • … a weider esou!

Dat ass net nëmmen eng gutt Noriicht, datt ass jo och de Beweis, datt an dëser Gemeng iwwer Joren eng gutt Aarbecht geleescht ginn ass a Punkto Natur- an Ëmweltschutz, an ebe besonnesch fir de Klimaschutz.

De Merci geet un déi fréier Responsabel aus dem Schäffen- a Gemengerot, déi jo iwwer de Service écologique (haut Service d’Urbanisme et du Développement durable) eng exzellent Ënnerstëtzung haten. Et ass fir déi nei Ëmweltkommissioun an den erneierte KlimaTeam eng Erausfuerderung dëse Prinzipien an Ziler vu méi Klimaschutz weiderhi gerecht ze ginn.

  • Schëffleng verännert sech: Nei Entrée an den Zentrum

Schëffleng verännert sech, dat ass onverkennbar! Déi vill Chantieren, d’Suppressioun vun de Passages à niveau, déi nei Entrée an den Zentrum vu Schëffleng, déi nei Vëlospisten, den Ëmbau vum Haus “A Kassen”, vun der Bestgen Millen an den Neibau vu Raimlechkeete fir eisen aktive Pétas-Boules Club a fir eis Volontairë ronderëm den Déiereschutz, … allerdéngs och d’Kréatioun vun enger Zone d’activité économique op Herbett, sinn nëmmen e puer Beispiller vun den urbanistesche Verännerungen, déi op eis zoukommen, an déi de Wëllen ënnersträiche fir de Patrimoine vu Schëffleng ze erhalen, verbonne mat neie Chance fir eis Handwierker a Geschäftswelt.

Gefuerdert si mer fir doriwwer nozedenken, wéi eis bal 1100 Kanner optimal betreit an edukéiert ginn. Och hei lafen d’Iwwerleeungen a Richtung Neibau vun enger Schoul, Verbesserungen a Verännerunge vun der Schoulorganisatioun an de Périscolairen Aktivitéiten.

  • Eng Plus Value fir Schëffleng

Grouss Erwaardunge setze mer och op d’Rekonversioun vun de Arbed-Frichen, den Terrain vun der fréierer Schëfflenger Schmelz. Hei si mir aktiv am Spill, a setzen alles drun, datt dat, wat do ze geschéien huet eng Plus Value fir Schëffleng gëtt, op dat nei Stroossen, nei Gréngflächen oder eben nei Wunnenge sinn. Mir bleiwen do um Ball!

Eis Schmelz ass e Stéck Schëfflenger Geschicht. De Schmelzaarbechter huet Schëffleng zu deem gemaach, wat et haut ass. Mir wëllen dës Patrimoine héich halen.

Paul Weimerskirch