Schëfflenger Fest 2018

Schëfflenger Fest 2018

De Freiden 22. Juni huet déi 15. Editioun vum Schëfflenger Fest stattfonnt. Nom Te Deum, dem Cortège an der traditioneller Ried vum Buergermeeschter ass duerno zwee Deeg laang gefeiert ginn. Hei huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch vun der Geleeënheet profitéiert fir un eis gesellschaftlech Wäerter an d’Wichtegkeet vum „Mateneen“ ze erënneren.

Ganzer 22 Veräiner hunn bei dësem flotten Volleksfest mat engem Iess- oder Gedrénksstand matgemaach an 52 Veräiner hunn um Cortège deelgeholl. Am ganzen sinn 7 Museksgruppen opgetrueden, ee Feierspektakel um Virowend an eng Partie Optrëtter vun Schëfflenger Veräiner hunn hei jonk a manner jonk begeeschtert.

 

 

 

 

 

 

   

Fir Kanneranimatioun war och mi wéi gesuergt mat Sprangschlässer an Bastelaktivitéiten wärend dem ganzen Fest. Esou ass jiddereen op seng Käschten komm. Mär freeën eis elo schonn op dat nächst Joer.

  

Méi Fotoen fann Där hei.

Sur les traces du passé

 

Deux nouveaux sentiers historiques ont été inaugurés le 21 juin 2018 à Schifflange. Il s’agit d’un nouvel itinéraire culturel et d’un circuit nommé « Sites en souvenir de la résistance ». Ils présentent l’histoire de la ville sur 26 panneaux informatifs.

Le circuit « Sites en souvenir de la résistance » aborde les thèmes de l’occupation du Luxembourg par le Troisième Reich, la résistance, la grève générale du 31 août 1942 et la libération lors de la Seconde Guerre mondiale.

L’itinéraire culturel 2 présente l’histoire de la ville de Schifflange et sa période industrielle. À partir de 1870, grâce à l’industrie sidérurgique, Schifflange a connu un essor économique important et un accroissement de la population considérable. Dans ce contexte, plusieurs cités ouvrières ont vu le jour.

En proposant ces deux circuits, la commune vise à présenter son histoire de manière vivante et à préserver son passé.

Ried zum Nationalfeierdag

Ried zum Nationalfeierdag 2018 vum

Buergermeeschter Paul Weimerskirch

 

 

Här Eierechamberpresident,
Léif Matbiergerinnen, Léif Matbierger
a Frënn vu Schëffleng,

 

Muer ass den Dag vun eiser klenger Natioun.

Et ass d’Fest vun de Lëtzebuerger. E Fest vum Mateneen.

An haut feiere mir zesummen um Virowend vun Nationalfeierdag.

 

 

De Nationalfeierdag ass d’Fest vun allen, déi Lëtzebuerg hiert Doheem nennen. An de Nationalfeierdag ass ëmmer e wichtege Moment am Joreskalenner vun engem Land – et ass den Ausdrock vun Eegestännegkeet, et ass een Zeeche vu Fräiheet … et ass allerdéngs och de Moment fir driwwer nozedenken, wéi mir eis entwéckelt hunn, wat eis Vergaangenheet ass ….

Wa mir haut feieren, solle mir net vergiessen, datt dat net ëmmer de Fall war, … besonnesch an den däischteren Zäite vum Krich.

Dësen Dag ass deemno och eng gutt Geleeënheet am Respekt un déi ze erënneren, déi fir eist klengt Land Lëtzebuerg d’Symbol vu senger Eegestännegkeet a senger Fräiheet sinn.

Haut si mir fräi an onofhängeg! Mir liewen am Fridde mat eisen Noperen. Eis Demokratie – fir déi eis Elteren a Grousselteren hu misste kämpfen – fonctionnéiert gutt. Et kann debattéiert an diskutéiert ginn, dat alles gëtt der Demokratie de richtegen Tempo. Blannen oder radikalen Egoismus däerfen net sinn, si ginn der Demokratie eng falsch Orientéierung

Mir liewen am Fridden a kënnen op Wuelstand a sozial Gerechtegkeet bauen. Mir dierfen eis staark maache fir nei an nohalteg Perspektiven.

Am Numm vum Schäffen- a Gemengerot – Iech alleguer vun Häerzen e grousse Merci fir Är aktiv Participatioun, haut a muer, am Te Deum, am Cortège, um Schëfflenger Fest …. um Matenee vun de Schëfflenger Bierger respektiv hire Familljen a Frënn, vu wou och ëmmer se hier kommen.

 

Je salue très cordialement ceux qui viennent de loin et qui partagent leur vie avec la nôtre et qui joignent leurs efforts aux nôtres pour réussir nos projets.

Vous êtes une partie de notre pays, de notre passé et surtout de notre futur. Soyez les Bienvenus à cette belle fête.

 

Léif Schëfflenger,

Hei an eisem Duerf, eiser Gemeng Schëffleng ass jidderee Wëllkomm. Net nëmmen op Nationalfeierdag. Bal 11.000 Awunner, Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger, Männer a Fraen, Jonk an Al, och eng Rei Demandeur a Beneficiaire de protection internationale liewen, wunnen a schaffen hei.

Leit aus bal 80 verschiddene Länner, Kulturen an Natioune liewen hei, hir Kanner ginn an eis Schoulen, spille Musek, dreiwe Sport an amuséieren sech …  An enger Uertschaft, déi fir eis all den Doheem ass, an engem Land, dat eis Heemecht ass.

An enger Gesellschaft, déi sech am europäeschen Ëmfeld wuel fillt, wou Wierder wéi Solidaritéit, Toleranz a Versteesdemech, Fräiheet a Wuelstand keng eidel Wierder sinn. Eis Partnerschaft mat der elsässescher Gemeng Drusenheim, eisen neie Jumelage mat der Stadt Marcala am Honduras an eis traditionell Participatiounen um Eurofestival ënnersträichen dat.

 

Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn!

 

Wien kennt net dëse Sproch, dëst Signal, dës Opfuerderung. E Saz, deen ouni Zweiwel eng speziell Bedeitung huet!

An der Schoul léiere mir d’Bedeitung vun dësem Saz am Geschichtsunterrecht, an den Touriste gëtt versicht bei de Visitte vun der Gëlle Fra, dëst als e besonnescht Kennzeeche vu Lëtzebuerg duerzestellen.

Et gëtt versicht dem Visiteur, ze erklären, datt Lëtzebuerg méi ass wéi de Numm vun engem klenge Land matten am Häerz vun Europa, a méi ass wéi d‘Welt vun de Finanzen, vun der Ekonomie a vun den Déngschtleeschtungsservicer.

Et war jo net ëmmer einfach fir eist Land. Lëtzebuerg huet eng speziell Vergaangenheet an eng besonnesch Geschicht. Lëtzebuerg war ëmmer schonns de Sammel- a Treffpunkt vu Mënschen aus aller Häre Länner.

An dëst klengt Land huet sech am Laf vun de leschte Joerhonnerten ëmmer nees duerch de couragéierten an och ëmsichtegen, jo diplomateschen Asaz vu ville Leit – aus der Politik, aus der Ekonomie, an aus der Gesellschaft zu engem weltoppenen, wirtschafts- a sozialpolitesch staarke Land, kleng awer reng, entwéckelt.

 

 

Léif Matbiergerinnen, Léif Matbierger

Lëtzebuerg an Europa, dat ass eng Success Story. Eis Geschicht ass enk mat Europa verbonnen. A mir droen haut a muer, esou wéi mer dat schonns gëschter gemaach hunn, Responsabilitéit a weisen Asaz fir Europa. Dat soll esou bleiwen.

Ouni Xenophobie, ouni Rassismus oder Nationalitéitesträit, ouni Friemenhaass, ouni Zizanie – hunn d’Lëtzebuerger ëmmer nees dat Gemeinsamt gesicht an dat, wat verbënnt, gestäerkt!

Et ass genee dat, wat eis Natioun ausmécht! Geselleg an häerzlech am Ëmgang, engagéiert a fläisseg fir dat Gemeinsamt.

Wann haut Matbierger vu verschiddenen Natiounen an Nationalitéiten, Nationalfeierdag feieren, dann ass dat e gutt Zeechen.

Een Zeeche vu Respekt a Versteesdemech!

Wann haut Matbierger aus verschiddene Länner zesumme schaffen, … zesummen an eis Schoule ginn, …. zesummen an eise Veräiner aktiv engagéiert sinn, … dann ass dat a mengen Aen den Ausdrock an de Beweis vun enger lieweger, oppener a freedeger Gesellschaft, … wou keen ausgeschloss ass, … wou ëmmer nees Brécke geschloe ginn, …. wou kleng a grouss Zieler matenee geplangt a realiséiert ginn.

Jo, dofir, an och dowéinst sti mir haut hei a feiere mateneen

Well jidder Eenzelen huet un dësem Succès, un dëse Resultater matgeschafft, … a mir sollen dat mat Respekt an Dankbarkeet, awer och mat enger Portioun Humilitéit maachen!

 

 

Geschätzte Bierger a Biergerinnen
vu Schëffleng an iwwer d’Grenzen eraus,

Eng Gesellschaft ass nëmmen dann eng fair Gesellschaft, wann se jidderee mat op de Wee hëlt.

Dat geet net vum selwen. Do hu mir ëmmer nees d’Flicht resolut a mat Determinatioun drun ze schaffen – mir aus der Politik, d’Sozialpartner a jidder Eenzelen, de gudde Wëllens ass.

Dat ass jo och eis Philosophie hei zu Schëffleng. Zesumme fir Schëffleng schaffen, gemeinsam eis Zukunft plangen.

An et ass erfreelech ze erliewen, wéi flott d’Diskussioun iwwer d’Ausschaffe vun engem Masterplang fir eis Gemeng verlafen, wou all Bierger d’Chance huet mat agebonnen ze ginn!

Dat ass och gutt a noutwenneg, vue déi vill Chantieren a Renovatiounsaarbechten, déi ustinn …

Schëffleng liewen, beweegen, verschéineren:

… dat sinn net eleng nei a modern, flott a fantasievoll Infrastrukturen. …. dat ass vrun allem d’Liewen an a mat de lokale Veräiner,
….. dat sinn déi iwwer honnert Delegéierten an de kommunale berodende Kommissiounen,…. dat sinn eis Gemengeservicer, vum Sekretariat iwwer den Atelier bis hinner zu der Botzequipe

an de Leit vum Pedibus,… dat ass eist Léierpersonal an de Schoulen an d’Educateurs / d’Educatricen an eise Crèchen …. dat sinn allerdéngs och déi sëlleche Matbierger, déi ouni Gedeessems an ouni Ophiewes am Intressi vu Schëffleng a fir Matbierger do sinn, hinnen hëllefen oder soss eng Stäip am Liewe sinn.

Ganz bescheiden, a mat roueger Hand, ass och eis Maison des Jeunes e wichtege Pilier am soziale Liewe vun der Gemeng. Hei gëtt – wéi och an de ville Sport-, Kultur- a Fräizäitveräiner eng beispillhaft Jugendaarbecht geleescht.

De Responsabelen aus de Veräiner an aus der Maison des Jeunes soe mir Merci fir hiren Engagement a fir d’Begleedung vu jonke Leit. Ob se Sport bedreiwen, Musek spillen oder sangen, hier Fräizäit gemeinsam genéissen

…. oder wéi d‘Maison des Jeunes dat nach zousätzlech mécht, sech em Jonker mat spezielle Besoinen, mat klengen a grousse Suerge beméit.

Dat ass eng nobel an zugläich wäertvoll an éierevoll Aarbecht, déi eis all ze gutt kënnt, an déi mir gär ënnerstëtzen!

Et ass dat Convivialt, wat eis zu Schëffleng auszeechent. Merci de Benevollen an de Veräiner, de Mataarbechter op eiser Gemeng….ouni hiren Asaz kéint eis Gemeng net fonctionnéieren.

Si all leeschten do, wou si sinn, hiert Bescht am Déngscht vun de Leit, am Déngscht vun der Saach, am Intressi vun der Gemeng. An dësem Sënn och eiser Police, déi fir eis Sécherheet suergt, wëlle mir Merci soen. Hire Job ass jo keen einfachen.

E besonnesche Merci geet vun dëser Plaz och un all déi, déi sech Dag fir Dag, Woch fir Woch am soziale Beräich engagéieren.

Eis Leit aus de Pompjeeën an dem Zivilschutz – si hunn eise Respekt verdéngt, si hëllefe villen a Noutsituatiounen !

E Merci och den Engagéierten an de Benevollen aus de verschiddenen Hëllefsorganisatiounen, dat ass den Ausdrock vu Solidaritéit no bannen a no baussen, et ass dofir flott, datt iwwer eis Asbl Schëffleng Hëlleft … an duerch d’Initiative vum Fair Trade Team Schëffleng, déi kommunal Entwécklungshëllef op breede Schëlleren opgebaut ass, a mir duerch vill kleng Aktiounen, dozou bäidroen, des Welt e bësse besser ze verloossen ewéi mir se virfonnt hunn.

Solidaritéit heescht jo ëmmer nees, och iwwer den eegene Tellerrand erauskucken.

A mir sollen dëser Solidaritéit ëmmer nees eng nei Chance ginn. Grad um Nationalfeierdag solle mer net vergiessen, datt mer net einfach alles als Selbstverständlechkeet hi huelen, a mär mussen akzeptéieren datt eis net einfach alles an de Schouss fält.

Neen, … et gëtt och Misär an Nout ganz wäit ewech vun eis, Krich an Hongersnout a Naturkatastrophen an awer och ganz no bei eis hu Leit Suergen, liewen ënnert schwierege Konditiounen: ech erënneren hei besonnesch un déi rezent Iwwerschwemmungen, awer och un eeler Leit, déi eleng sinn. Elengerzéiend Pappen a Mammen, Jonker ouni Diplom, ouni Aarbecht. Leit, déi op der Strooss liewen, d’Wunnsituatioun, … Mer sollen net mam Fanger op si weisen, nee mer sollen alles un Rulle brénge fir hinnen ze hëllefen, fir se ze stäipen, fir se ze begleeden, fir se op de richtege Wee ze bréngen, fir hinne Chancen op eng besser Zukunft ze ginn.

Gläichermoosse soen ech all deene Merci, déi mat responsabel sinn, datt déi Net-Lëtzebuerger Communautéit eng fest Plaz an der Mëtt vun eiser Gesellschaft huet.

Ech wënschen eis dofir weiderhi Wäitsiicht, e gudden Duerchbléck, eng roueg a glécklech Hand bei der Virbereedung op d’Zukunft. Wuelwëssend, datt déi, déi vum Vertraue vun de Leit gedroe sinn, an der Flicht stinn, ëmmer nees – no Méiglechkeet hiert Bescht ze gi fir d’Land, fir d’Gemeng a fir d’Leit.

 

A tous ceux qui viennent de plus loin pour enrichir notre communauté par leur travail et leur façon de partager le quotidien,

…. à tous ceux qui s’engagent dans notre société, à tous ceux qui viennent de très très loin – réfugiés et demandeurs de protection internationale, qui rendent notre communauté plus complète ….j’aimerais dire que notre Fête Nationale est aussi la leur.

 

Haut, um Virowend vu Nationalfeierdag, wëlle mer zesumme feieren.

Eiser Kultur-, Sport-, a Fräizäitkommissioun, eise Gemengeservicer, e ganz grousse Merci fir déi flott Organisatioun.

E Merci geet vrun allem awer och un all eis Veräiner, déi sech eemol méi bereet erkläert hunn, bei dësem Fest aktiv mat ze maachen.

Eisem Grand-Duc Henri a senger Famill wënsche mer op dësem Dag all Guddes fir d’Zukunft an e weidert erfollegräicht Schaffen am Déngscht vun eiser Natioun.

Iech alleguerte wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag an e puer flott Stonnen um Schëfflenger Fest!

Vive de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse.

Vive déi groussherzoglech Famill!

Vive Lëtzebuerg! Vive Schëffleng!

 

 

 

N.B : et gëllt dat geschwate Wuert!

Verdeelen vun Dampmelder/ Distribution de détecteurs de fumée

 

Heimat informéiere mir iech, dass dir ären Dampmelder, ab e Méinden, de 25.06.2018, bei eis op der Gemeng am Guichet unique (Büro 1, RdC während den normalen Ëffnungszäiten) kënnt siche kommen. Bréngt w.e.g. äre Bréif mat deen dir vum Inneminister geschéckt krut. Merci.

Par la présente, nous vous informons que les détecteurs de fumée peuvent être retirés à la Commune au Guichet unique (Bureau 1, RdC pendant les heures de bureaux) à partir de lundi, 25.06.2018. Prière d’apporter votre lettre reçue par le Ministère de l’Intérieur. Merci. 

 

Weider Informatiounen ënnert: 
Plus amples informations sur le site: 

Rauchmelder.lu

 

                                                                                                                            

Schëfflenger Fest

 

Léif Matbierger, Léif Matbiergerinnen,

Mat dësem klenge Schreiwes invitéieren mir Iech vun Häerzen op eist Schëfflenger Fest; besonnesch op d’Virowendfestivitéiten am Kader vun eisem Nationalfeierdag. E flotte Programm erwaart Iech – op jonk oder manner jonk.

Et geet jo drëm an eiser Gemeng de Fändel vum Mateneen héich zehalen. D‘Schëfflenger Fest ronderëm d‘Feierlechkeeten vum Nationale Feierdag sinn dozou eng flott Geleeënheet. An de kulturelle Mateneen, de sportlech Engagement an dat gesellschaftlech Zesummespill sinn jo ouni Zweiwel de Pilier vun enger gesonder a konvivialer Gemeng. Eng Gemeng, wou jidder Eenzelen zielt, op Jonk oder Al, op Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger.

Gutt a flott a Infrastrukturen sinn wichteg! Allerdéngs brauch d’Liewen an der Gemeng Oppenheet, Versteesdemech an Toleranz. De Nationalfeierdag an och aner Recontres an eiser Gemeng sollen dozou bäidroen.

E puer Deeg virum Nationalfeierdag dës puer Reflexiounen iwwert eist Zesummeliewen. Iwwert eisen Mateneen. Iwwert Solidaritéit. Am Kader vun eise Fairtradeaktivitéiten hu mir e Projet initiéiert mat der Kaffecoopérative COMSA aus der Stad Marcala. De Gemengerot huet eestëmmeg eng Partnerschaft mat der Stad Marcala am Honduras zougestëmmt. An de Fairtrade Team promovéiert de Schëfflenger Kaffie.

Mir wëllen och eiser Partnerschaft mat der elsässescher Stadt Drusenheim en neien Elan ginn a mat neien frëschen Ideen dëse Jumelage – vun der Éierebuergermeeschter Astrid Lulling am Joer 1997 an d‘Liewe geruff an vum Éierebuergermeeschter Roland Schreiner virun e puer Joer nees relancéiert ginn – nei beliewen. Dobäi wäert eis Kultur-, Sport- a Fräizäit- Kommissioun e wichtegen Acteur sinn. Awer och eis Veräiner solle hei mat agebonne ginn, virun allem eisen Syndicat d’Initiative soll do mat am Spill sinn. Et soll hei ëm Austausch goen um kulturellen, sportlechen an awer och um gesellschaftlechen Plang.

Mir freeën eis elo Iech op den Festivitéite vum Nationalfeierdag ze begéinen, ze begréissen.

Am Numm vum Schäffe- a Gemengerot Paul Weimerskirch Buergermeeschter.

 

 

Weider Detailer fannt Dir op eisem Flyer / Vous trouverez de plus amples informations sur notre flyer:

 

 

 

 

Informatik an der Schoul

Am Computersall vun der Albert Wingert Schoul hunn 24 Schëfflenger Schoulkanner aus den Hänn vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch een Diplom kritt fir hir erfollegräich Participatioun um Informatikscours vum Code Club Lëtzebuerg; dëst ënnert der Leedung vum Claudio Mourato. De Code Club huet sech zum Zill gesat, de Schüler aus dem Enseignement fondamental op eng spilleresche Aart a Weis mat der digitaler Welt, mat der Informatik an de moderne Kommunikatiounsmëttel vertraut ze maachen.

Wärend enger Stonn an der Woch hunn sech d’Schüler reegelméisseg getraff fir een Abléck an d’Informatik awer besonnesch an d’Programmatioun ze kréien. Och verschidde Kenntnisser am Ëmgang mat der Elektronik stoungen um Ordre du Jour. Dëst éischt Erfarungen mat der Informatik a Programmatioun ware fir all Kanner intressant, flott a léierräich. Besonnesch innovativ war de selwer gebastelten elektronesche Roboter fir d’Fierwe vun Ouschtereeër. Des Weideren sinn néng Computerspiller am Scratch entwéckelt ginn. Eng éischt Approche mat der H.T.M.L. war e weidere Punkt aus dem Cours.

 

 

A Präsenz vun enger Rei Memberen aus dem Gemengerot huet de Paul Weimerskirch alle Kanner felicitéiert, den Elteren, dem Schoulservice an dem Chargée de Cours Claudio Mourato Merci gesot fir den Engagement. Den kompetenten Ëmgang mat der Informatik ass eng sënnvoll a pädagogesch wäertvoll Initiativ fir d’Kanner, déi wësse sollen, dat hannert dem Computer méi stécht ewéi Spillereien, esou de Buergermeeschter, deen ënnerstrach huet, datt och dat nächst Schouljoer Initiatioun fir Programmatioun an Informatik um Programm steet.

Lecture des compteurs à gaz par les étudiants

                                                                                                                  

 

La société SUDGAZ tient à vous informer que pendant la période du 25 juin au 20 juillet 2018, des étudiants effectueront des lectures de compteurs à gaz au sein de notre commune.

Afin d’éviter toute fraude par une tierce personne, les étudiants seront munis d’une pièce d’identité émise par la société SUDGAZ.

Merci pour votre compréhension

Fermeture de la piscine et du sauna

Par la présente, nous vous informons que la piscine restera fermée le:

22.06.2018 à partir de 16.00 hrs (veille de la Fête Nationale) 

ainsi que le 23.06.2018 (Fête Nationale)

Le sauna restera fermé le:

22.06.2018 à partir de 18.30 hrs, le 23.06.2018 ainsi que le lundi, 25.06.2018 de 08.00 – 13.00 hrs

MERCI pour votre compréhension

Gemeinsame Brandschutzübung von Feuerwehr und Polizei

 

Am Samstag fand erstmals eine gemeinsame Brandschutzübung der Belegschaft des Polizeikommissariats und der Freiwilligen Feuerwehr statt. Ziel war es zu überprüfen, ob Brandschutz, Evakuierung und Erste Hilfe so organisiert sind, dass auch der Sicherheit im Gebäude Rechnung getragen wird.

Als Ausgangslage wurde angenommen, dass es zu einem Brand im Dienstgebäude gekommen ist, wobei zwei Personen zu dieser Zeit im Hause weilten. Es sollte eine weitgehend realistische Situation sein mit Verrauchung des Kellers, der Zimmer und des Treppenhauses. Die Übung war weder intern noch extern bewusst angekündigt, um möglichst realitätsnah den Echtfall trainieren zu können. Auch ging es darum zu prüfen, ob die gemeindeübergreifenden Alarmierungswege funktionierten. Vor Ort waren der lokale Zivilschutzdienst aus Schifflingen mit Feuerwehrautos und Ambulanz, mit der Unterstützung der Escher Wehr sowie natürlich die Verantwortlichen des Polizeikommissariats.

Die Übung wurde durchgeführt im Beisein von Bürgermeister Paul Weimerskirch sowie der beiden Schöffen Carlo Lecuit und Albert Kalmes. Nach der Übung wurde gemeinsam überprüft, ob irgendwo Optimierungsbedarf besteht. Feuerwehr und Polizei waren allerdings mit den ersten Ergebnissen der Übung zufrieden.

                                                                                 

 

X