STREIKGEDENKFEIER VUM 31.AUGUST 2017

Ried vum Buergermeeschter Roland SCHREINER

Här Minister,
Här Deputéierten,
Léif Kolleginnen a Kollegen aus dem Schäffen- a Gemengerot,
Léif Vertrieder vun de Resistenzorganisatiounen,
Léif Représentant’en vun de Gewerkschaften,
Dir Dammen an Dir Häre vun Arcelor/Mittal,
Frënd Jos Steichen, Zäitzeien aus dem sowjetesche Krichsgefaangenelager vun Tambow,

Dir Dammen an Dir Hären,
Léiw Frënn,

Fir d’aller éischt wëll ech Iech alleguerten en häerzleche Merci soen, dass Der Iech zu esouvill Zäit geholl hutt, fir haut op den 31. August mat eis zesummen un dëser Gedenkzeremonie deelzehuelen. Den 31.August ass a bleift e wichtegen Datum an der Geschicht vun eisem Land, eiser Heemecht, a besonnesch vun eiser Gemeng. En Datum deen e Symbol vun der Solidaritéit an eiser fräier Gesellschaft ass. Des ëmmer nees ergräifend Gedenkzeremonie huet duerfir zënter Joren am Kalenner vun der Schëfflenger Gemeng, eise Resistenzorganisatiounen, eise Veräiner, eise Leit, hier fest Plaz, well den 31. August ass a bleift fir Schëffleng en Dag vu grousser Trauer, vu batterer Erënnerung, awer och vun Opbroch. Et soll awer och derniewent en Dag sinn, wou mer all zesummen onmëssverständlech zum Ausdrock bréngen, dass mer, iwwert d’Bedeitung vum Dag selwer ewech, all Form vu Gewalt, ob physesch, psychesch oder materiell, an och hier Verherrlechung, op dat Schäerfst veruerteelen.

Den 31.August 1942, haut viru 75 Joer, hunn Schëfflenger Jonge, Aarbechter, op eiser Schmelz sech géint eng friem Diktatur opgeworf. Mer kommen elo grad vun der Schmelz, wou mer hinnen nach eng Kéier besonnesch geduecht hunn. Si hunn hier Aarbecht néiergeluecht, obscho si wahrscheinlech ganz genee woussten, wat si géife riskéieren. No dem Motto « Léiwer dout, wéi net fräi » hu si domat virun der ganzer Welt gewisen, wat si vun deene gehalen hunn, déi an eisem Land mat Waffegewalt eis Populatioun ënnerdréckt a versklaavt hunn, eis Jugend an eng friem Uniform forcéiert hunn, all Aneschtdenkend agespaart, verschleeft an ëmbruecht hunn, a ganz Familljen ausernee gerappt an déportéiert hunn.

Den 30. August 1942 huet de Gauleiter Simon a sengem « Verordnungsblatt » héich offiziell matgedeelt, dass d‘Lëtzebuerger Jongen vun de Joergäng 1920 bis 1924 op besonnesche Stellungsbefehl vum Adolf Hitler géifen an déi däitsch Wehrmacht agezu ginn. Dat war en ongeheiere Schlag an d’Gesiicht vum ganze Lëtzebuerger Vollek. Dat wollt sech dësen Affront awer net bidde loossen an huet scho gläich deen Dag drop solidaresch mat engem Streikopruff geäntwert. Eis Leit op der Schmelz hun sech gewiert, op hier Manéier ! Si hunn domat, villäicht onbewosst, e Signal ginn dat deemools an der ganzer Welt verstane ginn ass, a wat haut nach lieweg ass. Zesumme mat villen anere Patrioten a Verdeedeger vun der Fräiheet, besonnesch deene ville Märtyrer vu Wolz, sinn si et déi e Kapitel an eiser Geschicht geschriwwen hunn, dat kee vun eis Lëtzebuerger vergiesse soll. Duerfir gehéieren hier Nimm och an eis Geschichtsbicher an op eng Éiereplaz.

Mueres goung et zu Wolz un, an am spéiden Nomëtteg, um 6 Auer, huet op der Schëfflenger Schmelz, den Hans Adam d’Sireene vun der Steierbühn gezunn an domat d’Zeeche ginn, fir d’Aarbecht néierzeleeën an heem ze goen, esou wéi d’Leit ëm den Eugène Biren dat virdrun an der Walzendréierei besprach a geplangt haten.

Dëse grad esou onverhoffte wéi couragéierte Streik, deen sech lues awer sécher iwwert d’ganzt Lëtzebuerger Land an a bal alle Volleksschichten ausgebreet huet, huet engersäits an der ganzer fräier Welt en immensen Echo fonnt, anersäits awer och eng barbaresch Äntwert vun den ieweschten NS-Dirigenten an hire sadisteschen an zu allem bereeten SS-Hëllefsleit erop beschwuer. An déi Äntwert sollt vill Béises a ganz vill Schlëmmes mat sech bréngen. Mat ëmmer méi schrecklechen an onerhéierten Aktioune sinn déi däitsch Arméi- an Zivil-Kommandoe géint déi vun hinne gesichten « Ustiwwele a Matleefer » vum Lëtzebuerger Generalstreik virgaangen. Et war dat de schroen a bluddegen Ufank vun enger totaler Ënnerdréckung, déi fir vill Lëtzebuerger, vun der Angscht an dem Schreck, iwwert d’Verhaftung an de Prisong bis an d’Kazett an do an den Doud féiere sollt.

Déi Lëtzebuerger, a besonnesch déi Schëfflenger, déi eigentlech fir méi gestuerwe si wéi fir dee Streik, hunn net verdéngt, dass d’Gläichgültegkeet lues a lues alles wat si fir d’Fräiheet vun eisem Land gemaach hunn, an de Vergiess gerode léisst.

Mer als nofolgend Generatiounen, hunn ganz einfach d’Pflicht eis un si ze erënneren a mer mussen och eise Kanner soen, dass et mussen esou Leit ginn, déi sech wiere wann Onrecht geschitt an déi d’perséinlech Fräiheet verdeedege wann et néideg ass. Déi perséinlech Fräiheet déi deen eenzege Garant vun eiser Demokratie ass. Ouni esou Leit, an ech wëll hei och ausdrécklech d’Leit ëm den Albert Wingert, de Wenzel Profant, de Raymond Arensdorff an de Jean Doffing aus der ALWERAJE ernimmen, wär fir eis all, dat Wuert « Fräiheet » schonn laang nëmme méi en abstrakte Begrëff, dee mer just nach aus de Bicher géife kennen.

Et muss ee jo wëssen, dass Streik deemools an Hitler-Däitschland e Kapitalverbrieche war. Op Streik stoungen, schonn a Friddenszäiten, déi schwéierst Strofen. Mä dass elo matten am Krich, an engem besetzte Land, zu engem kritesche Moment, et zu engem Streik koum, och nach an engem Stolwierk, wou jo e wichtegen Nerv vum ganze System getraff gouf, dat war natierlech en Dolchstouss an de Réck vun der Wehrmacht.

Hier Reaktioun war duerfir och deementspriechend. Den zivillen Ausstand ass iwwer Schëffleng an Esch verhaange ginn an e Standgeriicht gouf agesat.

D’Aarbechter vun der Mëttesschicht sinn all verhéiert ginn, 59 goufe festgeholl an ausgepresst, an dat op eng brutal Aart a Weis. Mä keen huet deen anere verroden. Den Hans Adam, no deeglaangen a qualvolle Verhéieren, a wahrscheinlech fir seng Kollegen ze schützen, huet sech schlussendlech selwer als den Urheber vum Streik ausginn. Hien gouf de 9.September zu Köln-Klingelpütz op eng bestialesch Manéier ëmbruecht. Bluttrout Plakater hunn duerno d’Ermuerdung vum Eugène Biren bekannt ginn. Ausser dem Hans Adam an dem Eugène Biren goufen nach 20 weider Lëtzebuerger Patrioten aus allen Deeler vum Land wéinst der Streikaktioun zu Hinzert erschoss.

Den onnëtzen 2.Weltkrich huet a ville Länner ganz vill Affer gefuerdert. 8.171 Doudesaffer hat Lëtzebuerg ze bekloen, vun deenen der 3.150 a preisescher Uniform un der Front gefall sinn oder nach vermësst bleiwen. 791 Lëtzebuerger sinn a Prisongen a Kazetter ënner onmënschleche Strapaze gestuerwen oder dout gemaach gi fir eist klengt Lëtzebuerg eng schlëmm Bilanz, déi och 85 Schëfflenger opféiert….85 ze vill !

Dat wat 1942, viru 75 Joer, op eiser Schmelz geschitt ass, dat wat kuerz drop an an deene Wochen duerno als Repressioun vun de Preise geschitt ass, dat kritt eng ganz besonnesch Bedeitung wann ee verfollegt wat haut a ville Länner op der Welt nach ëmmer passéiert. Keng Ideologie, wéi se och heescht, ass sech och haut nach ze schued, fir dat selwecht an hirem Muechtberäich ze maachen, wat d’Preisen deemools mat eise Leit gemaach hunn. An dobäi geet et ausschliisslech em Muecht a Geld, an dobäi gëtt keng Récksiicht geholl op onschëlleg Leit a Kanner. Al Kaida, Islamesche Staat, Boko Haram an aner terroristesch Organisatioune priedegen a seeën Haass a Gewalt. A wéi enger Welt liewe mer eigentlech ? An déi aktuell Flüchtlingsproblematik, mat der Europa konfrontéiert ass, ass eng Konsequenz vun Terrorismus, Krich an Aarmut op eiser Welt.

An duerfir ass et och haut wichteg, dass iwwerall de Widderstand bestoe bleift, sou wéi dat och 1942 hei zu Lëtzebuerg de Fall war. Déi Leit vollzéien dat no, wat den Hans Adam, den Eugène Biren a vill anerer an eisem klenge Land viru 75 Joer gemat hunn. Eis Leit hunn keng Gewalt ugewend fir hier Konditiounen ze änneren, si hunn « nëmmen » gestreikt ! An trotzdem hu si als Reaktioun op hire Streik d’Gewalt an hiren extreemsten Ausdrocksformen ze spiere kritt. Si hunn gelidden a si gestuerwe fir Gerechtegkeet a fir Fräiheet. Fir dass hir an eis Kanner haut als fräi Mënschen op d’Welt kommen.

Mer erënneren eis haut an Dankbarkeet un déi, déi hiert Liewe verluer hunn, déi déportéiert goufen, déi drangsaléiert, geschloen a gedemütegt goufen. Alles dass mer haut an engem klengen, mä fräie Land liewe kënnen.

Déi Leit deene mer haut gedenken, verdéngen eisen déiwe Respekt a mer sollten all zesumme versichen, dee Respekt och un déi Generatiounen no eis, eis Kanner a Kandskanner, virun ze vermëttele fir dass esou eppes nie méi virkënnt.

An just duerfir ass et wichteg, dass mer eis all Joer den 31.August op dëser Plaz erëm gesinn.

Ech soen Iech Merci fir Är Präsenz an Är Opmierksamkeet !

75. Joresdag vum Generalstreik vun 1942

Zesumme mat de lokale Resistenz- a Krichsafferorganisatioune vu Schëffleng an der Personaldelegatioun vum Site Esch-Schëffleng vun Arcelor Mittal

organiséiert d’Gemengeverwaltung en  Donneschden, den 31. August 2017 eng Gedenkzeremonie bei Geleeënheet

vum 75. Joresdag vum Generalstreik vun 1942

a bied all lokal Veräiner un dësen offizielle Feierlechkeeten deelzehuelen.

De Schäfferot seet Iech villmools Merci fir Är Participatioun.

Roland Schreiner            Paul Weimerskirch          Carlo Feiereisen

                                                                                                              Buergermeeschter           Schäffen                         Schäffen

_____________________________________________________________________________________________________________

Programm:

17.50 Auer:

Rendez-Vous beim Monument op der Fräiheetsplaz virun der Gemeng.

18.00 Auer:

Allgemeng Gedenkminutt beim Erschale vun de Sireenen. Néierleeë vu Blummen beim Monument.

N.B.: Zesumme mat der Gemeng an de Resistenz- a Krichsafferorganisatioune leet de Syndicat d’Initiative am Numm vun alle Schëfflenger Veräiner eng Gerbe néier, soudatt, ausser den direkt betraffene Veräiner, keng aner Gesellschaft an hirem eegenen Numm brauch Blummen néierzeleeën.

Duerno:

Empfang vum Schäfferot an der Salle Grand-Duc Jean.

75. Joer Streikgedenkfeier an hir Zäitzeien

 

Schëffleng gedenkt all Joer un den Generalstreik vum 31. August 1942. Dëst Joer ass et schonn den 75. Joresdag. Deemools haten eng ganz Partie Leit, wéinst dem Ausruffen vun der Zwangsrekrutéierung vun der Lëtzebuerger Jugend, géint den Nazi-Regime protestéiert an hier Aarbecht néiergeluecht.

Haut ginn et zu Schëffleng nëmmen nach wéineg Zäitzeien déi den Generalstreik den 31. August 1942 materlieft hunn. Ënnert hinnen ass den Jos Steichen. Hien huet beim Streik matgewierkt an huet dowéinst awer och missen schwéier Konsequenzen op sech huelen. Säin Jong den Viktor Steichen huet sengem Papp seng Geschicht opgegraff an beschäftegt sech elo säit méi wéi zéng Joer mat Recherchen ronderëm t sengem Papp seng Liewensgeschicht. Hien huet sech bereet erkläert eis an engem Gespréich iwwert d’Liewen an dat Erlieften vun sengem Papp ze erzielen.

An wéi enger Hisiicht war äre Papp um Generalstreik den 31. August 1942 bedeelegt bzw. wei ass en involvéiert ginn?

Den Gauleiter huet den 30. August 1942 d’Zwangsrekrutéierung vun der Lëtzebuerger Jugend aus de Joergäng 1920-1924 proklaméiert, spéider koumen nach déi vun 1925 an 1926 derbäi. Mäin Papp hat dëst am Radio héieren an huet sech doropshin den Dag duerno den 31. August virun d’Eecher Spidol gestallt an d’Léit opgefuerdert (de Leit déi op hier Aarbecht gaange sinn gesot: dir gitt elo schaffen a mir ginn agezunn) hier Aarbecht néier ze leeën an sech um Generalstreik ze bedeelegen. Hien war deemools knapps 17 Joer al. Hien hat seng Aarbecht och néier geluecht an ass den 31. August 1942 net schaffen gaangen. Zu dem Ament war hien Léierbouf am “Institut Emile Metz” wou en eng Léier als Schlesser ugefaangen hat.
Een vun den Grënn firwat hien sech mat um Streik bedeelegt hat war méiglecherweis och duerch säin Brudder
(Joergang 1918 [gebuer zu Schëffleng]). Dësen war zu Weimeschkiirch bei de Pompjeeën a gouf vun den Däitschen beim Flugabwehrkommando (Flak) agesaat. Mäin Papp krut doropshin vun sengem Brudder oft gezielt wat do sou geschitt. En plus hat säin Brudder Kontakt zu den Resistenzler zu Schëffleng. Dëst huet wahrscheinlech mat dozou bäigedroen, dass en sech fir den Streik engagéiert huet.

Hat hien net grouss Angscht, well en huet jo mat dëser Aktioun och säin Liewen riskéiert?

Natierlech hat hien Angscht, mee doriwwer huet en ni geschwat. Hien hat déi grouss Chance, dass en sou just nach kéng 18 Joer hat, soss wier en direkt ëmbruecht ginn. Esou ass et villen aneren ergaangen, déi sech um Streik bedeelegt haten. Ech mengen, deen Moment wou en virum Eecher Spidol stoung huet en net souwäit geduecht, wat d’Konsequenze kéinten sinn. D’Leit soen haut oft, wisou sinn d’Leit, déi zwangsrekrutéiert Jongen, deemools net einfach fortgelaf oder hunn sech verstoppt. Dat war net sou einfach wéi mir dat haut gesinn, well wann een Bouf aus enger Famill fortgelaf ass an sech verstoppt huet, dann ass direkt seng ganz Famill ënnert Generalverdacht gestallt ginn. D’Konsequenz dovunner war, dass eng ganz Partie Lëtzebuerger Famillen während dem zweeten Weltkrich emgesiedelt goufen. Soubal een sech géint den Regime gestalt huet war een net nëmmen selwer betraff mee ëmmer och déi direkt Famill.

Wat ass mat ärem Papp nom Streik geschitt? Wat huet hien do erlieft?

Déi ganz Aktioun vun mengem Papp ass opgeflunn, well vis-à-vis vun der Eecher Klinik den Sëtz vun der “Volksdeutschen Bewegung” (VdB) war. Hinnen war mengem Papp seng Aktioun natierlech direkt opgefall. Den 1. September 1942, wéi méin Papp op d’Aarbecht koum, hunn d’ Gestapo an Leit aus der Hitlerjugend schon’s op hien gewaart. En gouf mat an en Auto geholl an dunn ass en an d’Stad an d’Villa Pauly bruecht ginn. Hei huet en missen zwou Stonnen am Gang vun der Villa Pauly waarden bis en verhéiert gouf. Iwwerdeems hien do gewaart huet gouf en erniddregt an mësshandelt. No deenen zwou Stonnen angschtvollem waarden gouf en dunn endlech verhéiert. Dono goung et an de Gronn an den Prisong. Do gouf en véier Deeg an enger Bëtongszell vun 1,2 x 2,2 Meter agespaart, fir ze iessen krut en nëmmen Waasser an e Stéck Brout. Kuerz drop koum en op den Korridor an d’Zell 31. Hei am Gronn war nieft mengem Papp och den Mathias Koener, den deemolegen Direkter vun ARBED-Schëffleng, deen sech och fir den Generalstreik agesat hat, agespaart.

De Mathias Koener (*15.11.1883) war vum 8.9.1942 – 25.9.1942 am Prisong Lëtzebuerg-Gronn, war dunn vum 28.1.1943 – 3.3.1943 zu Hintzert. Hien ass um Transport fir zeréck an de Prisong an de Gronn un de Folgen vun den onmënschlechen Mësshandlungen an Entbierungen den 8.3.1943 gestuerwen.

Vum “Standgericht” gouf mäin Papp zu “Jugenderziehungslager”, “Arbeitsdienst” an “Dienst in der Wehrmacht” veruerteelt. Wéinst sengem jonken Alter ass en zum Gléck dem Doudesuerteel entgaangen. Nom Prisong am Grond koum en dunn op Ruwer bei Tréier an en “Erziehungslager” (Stroflager). Am Oktober 1942 goung et dunn fir hien op Gotenhafen a Polen an den “Arbeitsdienst”. Kuerz dono, Januar 1943 ass et fir hien dunn weider an d’”Wehrmacht” gaangen. An der Kasär zu Stuttgart-Zuffenhausen krut en eng Grondausbildung an kuerz dono gouf en an Russland un d’Front geschéckt op Dolbino. Am August 1943 bei enger Schluecht ëm Bjelgorod huet hien an nach een Lëtzebuerger d’Geleeënheet genotzt an sinn bei d’Russen iwwergelaf. No engem Verhéier vun den Russen an iwwert en laangen beschwéierlechen Wee koum en dunn an d’Gefaangenelager No. 188 zu Tambow an Russland. Hei huet een duerch en glécklechen Zoufall konnten als Infirmier am Lazarett agesat ginn. Zu Tambow sinn iwwer 1.000 Lëtzebuerger am Lager passéiert. Eng Partie vun den Jongen huet et net gepackt nom Krich nees Heem ze kommen. Insgesamt 13 Lëtzebuerger sinn am Lazarett vun Tambow-Stadt un hirer Krankheet oder Verletzung gestuerwen, an der Zäit wou mäin Papp do war. Am Juni 1944 hat sech am Lager zu Tambow an am Lazarett zu Kirsanow d’Rumeur breet gemaach, dass d’Lëtzebuerger an d’Fransousen entlooss géingen ginn. Wou mäin Papp awer vun Kirsanow dunn am Lager zu Tambow ukomm war, do waren d’Fransousen fort, mee d’Lëtzebuerger nach ëmmer do. De 7.7.1944 si 1.500 Fransousen vun Tambow fortgaangen, si sinn an Algerien an dem General de Gaulle seng Arméi gestach ginn, fir si ass de Krich nees viru gaang. Ënner deene 1.500 waren och zwee Lëtzebuerger déi sech als Fransousen ausginn haten. Si goufen nach net entlooss, well vun der Lëtzebuerger Regierung nach kéng offiziell Demande virlouch. Des Noriicht huet villen Lëtzebuerger Jongen den Liewensmutt geholl an si sinn nëmmi an d’Heemecht zeréck komm. De 29.September 1945 war et dunn awer fir mäin Papp esouwäit. Hien ass mam lëschten groussen Transport vun Tambow-Rada de 5. November 1945 op der Stater Gar ukomm.

Wat sinn är Gedanken wann dir sou iwwert d’Liewen, d’Handlungen an d’Erliefnisser vun ärem Papp nodenkt?

Dann muss ech ëmmer drun denken, wei positiv mäin Papp denkt. Hien huet net drun geduecht wat geschéien kéint. Hien huet gemaach an ass no vir gaangen. Säit deem mäin Papp mat mir iwwert seng Erliefnesser vum Krich geschwat huet ass et fir mech eng Passioun ginn, mech mat dem Thema auserneen ze setzen. Dobäi muss ech soen, dass hien ganz, ganz laang net mat mir doriwwer geschwat huet. Ech denken och, dass et wichteg ass fir déi Leit, déi dat ganzt erlieft hunn, dass déi Geschicht weider gedroe gëtt an och un déi méi jonk Generatiounen weider vermëttelt gëtt. Ech sinn mat mengem Papp dowéinst och an Schoulen gaangen, wou hien seng Liewensgeschicht den Schüler erzielt huet. Hien huet domat och Geschichtsproffen ugereegt mat hiren Schüler méi am Detail iwwert d’Lëtzebuerger am Krich a besonnesch iwwer d’Zwangsrekrutéierung ze schwätzen. Bis 2015 ware mir an verschiddenen Schoulen ënnerwee, dorënner am Aline Mayrisch, zu Dikrech am Kolléisch a besonnesch am Lycée technique Emile Metz wou hien seng Léier gemaach hat. Do hunn ech mat mengem Papp regelméisseg Froeronnen an Schoulen besicht, wou Schüler him konnten Froen zu sengen Erliefnesser stellen. Sou eng Geschicht un Schüler an jonk Generatiounen weider ze ginn ass an mengen An ganz wichteg.

(Vum 19.Mai bis 26.Mai 2018, an der Päischtvakanz, organiséiert d’Amicale des Anciens de Tambow nees eng Rees op Tambow. Hei ka Jidderee matgoen den sech fir d’Regioun Tambow, a fir Moskau interesséiert. (Max 28 Persounen.) Informatiounen Vik Steichen, 54 48 71 oder viste@pt.lu)

Rang zwee a Sëlwer Medail fir den Eurofestivalteam Schëffleng

Déi 25te Editioun vum Eurofestival an der Vendée ass zu Enn (Deel 5)

D’Concourse Fotografie, Kachen, Stroossentheater ewéi och d’Culture performace an d’Molerei hunn de Grondstee geluet, datt Schëffleng beim Jubiläumstreffe vum Eurofestival déi zweete Plaz erräicht huet. An der Fotografie huet de Romain Thorn mat sengen zwou Fotoe gewonnen, d’Kachequipe huet mat der Feierstengszalot, zerwéiert mat gebootschte Gromperen och iwwerzeegt a huet sech déi zweete Plat erkacht. Op déi éierevoll véierte Plaz huet eis Stroossentheaterequipe sech placéiert, an och bei Presentatioun vum Musical Melusina huet d’Museksband ronderëm den Eric Gherardi sech op déi véierte Plaz klasséiert. D’Bild vum Vivian Briscolini gemoolt, huet aacht Punkte kritt an domatter Plaz sechs geséchert.

Zesumme mat de Punkten aus de Sportkompetitiounen (ze liesen an de véier Artikele vun der leschter Woch) ass dat mat 96 Punkten d’Plaz zwee ginn, hannert dem Gewënner Spuenien (98 Punkten) a viru Litauen. Merci sot de Lex Stammet, President, alle Leit a Participanten aus dem Eurofestivalteam Schëffleng, eng Delegatioun zesummegesat aus Schëfflenger Matbierger respektiv Memberen aus Schëfflenger Veräiner. Bei sengem leeschten Engagement als President beim Eurofestival ass d’Sëlwer Medail e flotte Cadeau d’adieu. De Schäffe Paul Weimerskirch sengersäits huet op der Plaz der Equipe ronderëm de Lex Stammet an der Sekretärin Josiane Dahm Merci gesot.Och dëst Joer wor de Festival nees e flotte Rendezvous vun de Kulturen aus Europa, a Schëffleng wor aktiv dobäi.

Per SMS hunn de Buergermeeschter Roland Schreiner (Gutt geschafft, all Respekt a Merci) an de Carlo Feiereisen (Super, Topleeschtung) der Delegatioun felicitéiert: Bleift nach ze soen, datt um leeschten Dag déi sou genannte Funny Games ofgehale gi sinn an datt Fest no den offizielle Merci-Riede mat engem faarwege Feierwierk bei Danz a Musek ofgeschloss ginn ass.

 

Open-Air Kino

D‘Gemeng Schëffleng invitéiert op den OPEN-AIR KINO, den 25. an 26. August 2017 um Terrain 1 an der Denis-Netgen-Strooss.

 

X