07.06.2018

20 Joer «Spaghettiaktioun »

20 Joer « Spaghettiaktioun » –  20 Joer eng « Bonne action » esou kann een d’Idee vum Schëfflenger Léierpersonal iwwerschreiwen.

De 5. Juni 2018 war et nees esouwäit an d’Léierpersonal hat op déi traditionell « Spaghettiaktioun » geruff. An eisen dräi Schoule konnt all Kand fir de klenge Betrag vu 5€ esouvill Spaghettie’n iesse wie et gepackt huet a vu Joer zu Joer gëtt de Succès mäi grouss.

Den Erléis vun dësem Dag gëtt all Joer un zwou karitativ Associatiounen gespent.  Dëst Joer ginn d’Suen un „Bonnievale Projects asbl“  (www.bonnievale.org) an un „Narin Projet Smile“ (www.association-narin.com) gespent.

Well d’Spaghettiaktioun dëst Joer schonn hiren «20 Gebuertsdag » feiert, verduebelt d’Gemeng wie gewinnt den Erléis net mä verdräifacht esouguer  des Zomme an ënnersträicht esou hir Solidaritéit.